Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Sonnendäischtert: Groussen Undrang zu Ettelbréck
    Déi laang erwaarte Sonnendäischtert war och vu Lëtzebuerg aus ze gesinn. Bis zu 90 Prozent vun der Sonn goufe vum Mound verdeckt. En eenzegaartegt Naturspektakel. Fir dat zesummen ze erliewen, gouf zu Ettelbréck den "Eclipse Day" organiséiert – mat Workshops an Informatiounsstänn ronderëm d’Theema, an natierlech dem Héichpunkt: der Sonnendäischtert selwer. Dëst huet sech de Moris Garzaro mat ugekuckt.
    5 min
  • D'UNEL hëllt en neien Ulaf
    Déi traditiounsräich Studentenorganisatioun, ëm déi et zenter Covid roueg gi war, huet mat neie Leit en neien Ulaf geholl. De Karim Gérin vun der UNEL erkläert d'Démarche.
    11 min
  • Schutzbrëller fir Sonnendäischtert vergraff
    Haut ronderëm 8 kann een eng partiell Sonnendäischtert am Weste vum Himmel gesinn. Ideal ass eng ongestéiert wäit Vue vun enger héijer Plaz aus, well d’Sonn am Owend scho relativ déif stoe wäert. Den éischte Kontakt tëschent dem Moundschiet an der Sonn geschitt um zwanzeg op siwen, um Véirel op aacht ass dann den Héichpunkt vun der Däischtert wou ronn nonzeg Prozent vun der Sonn net méi ze gesi wäerte sinn. Fir dëst astronomescht Spektakel gesinn ze kënne brauch een awer speziell Brëller, soss kéinte laangwiereg Schied entstoen. Dës sinn awer de Moment schwéier ze fannen.
    4 min
  • D'Maislabyrinth zu Biereng: E besonneschen Ausfluch fir déi ganz Famill
    Zu Biereng bei Miersch luet d’Maislabyrinth vun der Landjugend Zenter grouss a kleng Visiteuren aktuell op eng ganz besonnesch Experienz an. Bei dësem flotten Ausfluch muss een de Wee aus dem Maislabyrinth fannen an dobäi versichen, sechs Stempelofdréck ze sammelen. De Sven Vosman vun der Landjugend Zenter erzielt, wéi d'Maislabyrinth entstan ass - an erkläert, firwat dëst Joer wuel schonn éischter Schluss wäert sinn, wéi ee sech dat erhofft hätt.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag