Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wat geschitt um Chantier op der Beetebuerger Gare?
    Nach dës ganz Woch wäert keen Zuch tëschent Beetebuerg an der Stater Gare fueren. Grond dofir ass de Chantier vun der Neibaustreck, déi vun der Rentrée 2027 un een zweeten Tracé an de Süde vum Land wäert erméiglechen. Ronderëm d’Beetebuerger Gare gëtt dës Zäit awer net just genotzt fir den Uschloss vun der Neibaustreck virzebereeden – och soss gëtt villes moderniséiert.
    5 min
  • Ënnerwee mam "Bamdokter": De Charel Faust kennt all Bam am Stater Park
    Et sollt ee virsiichteg sinn, wann een dëser Deeg an de Stater Parken ënnerwee ass – dorop huet d’Stad Lëtzebuerg rezent an engem Communiqué higewisen. Wéinst der Dréchent an deenen héijen Temperature wieren d’Beem fragiliséiert – et drot de sougenannten natierlechen Aaschtabwurf. Dëse Phenomeen betrëfft och gesond Beem an ass dowéinst schwéier ze evitéieren. Am Stater Park ginn et awer och vill ganz al Beem, déi reegelméisseg op hire Gesondheetszoustand musse kontrolléiert ginn. Um Territoire vun der Stad sinn dowéinst am Ganzen dräi Bamdokteren am Asaz. De Charel Faust ass ee vun hinnen. D’Diane Lecorsais huet hie bei enger Bamkontroll begleet.
    6 min
  • Ënner der Kinnekswiss verstoppt sech eng eege Welt
    An dëser Summervakanz huele mir Iech reegelméisseg mat op e wéineg manner bekannten Destinatiounen oder Aktivitéiten, déi een hei am Land ka maachen. Hei bleiwe mir hei an der Stad. Fir genee ze si geet et op d’Kinnekswiss, oder besser gesot: ënnendrënner. Well do verstoppt sech ee vun den Deeler vun de Kasematten, deen een net esou dacks ze gesi kritt. Den Hubert Glesener an de Patrick Schaul vun de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg hunn d'Paule Rodesch mat an de Fort Royal geholl.
    11 min
  • Den dréchenen a waarme Summer huet och en Impakt op d'Wäilies zu Lëtzebuerg
    No engem immens dréchene Summer mat direkt e puer Canicullen hunn d’Wënzer aus der Regioun Champagne a Frankräich leschte Weekend mat der Lies vun hiren Drauwen ugefaangen. Et wier eng vun de fréiste Liesen iwwerhaapt, gi verschidde Wënzer a franséische Medien zitéiert. Mee wéi gesäit et zu Lëtzebuerg mat der Drauwelies aus? Sinn d’Wënzer hei och scho prett? Dat freet de Pit Beffort bei engem jonke Wënzer no.
    9 min
  • Bëschbränn an der Groussregioun: Besteet eng Gefor fir d'Gesondheet?
    Wéinst de Bëschbränn an der Groussregioun - speziell am Naturpark Héich Venn an der Belsch - läit och bei eis zënter e Samschdeg Damp an der Loft. Et richt no Feier, trotz zoue Fënsteren och bei ville Leit an der Wunneng. Dat beonrouegt vill Mënschen. Déi interministeriell Evaluatiouns-Cellule vun der Regierung hat e Sonndeg Owend Entwarnung ginn: Et géif aktuell kee signifikative gesondheetlechen Impakt fir d’Populatioun ginn – stëmmt dat? Mir hunn den Dr. Gil Wirtz gefrot, Chef de Service vun der Pneumologie am CHL a Vize-President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft vun de Longendokteren SLP.
    8 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag