Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Situatioun am Héije Venn
    Net just zu Lëtzebuerg huet d'Feier am Héije Venn fir Opreegung gesuergt, mee natierlech virun allem an der Belsch. Wéi sinn d'Reaktiounen? Mir hu bei eiser Korrespondentin nogefrot.
    6 min
  • Minigolf am Péitrussdall
    Wie grad an der Summervakanz nach no enger flotter Aktivitéit sicht fir mat der Famill oder Frënn am Fräien ze ënnerhuelen, ka sech am Péitrussdall beim neie Minigolf ameséieren. Eigentlech war d’Ouverture scho fir d'lescht Joer zesumme mat der LUGA Gaardenexpo virgesinn. Wéinst Ofsécherungsaarbechten um Fiels huet se awer bis dëst Joer misste verréckelt ginn. Néng vun den 18 Pisten hate misste gespaart ginn, well se ze no um Fiels stoungen.
    5 min
  • Geocaching: Op Schatzsich uechter d'Land
    Wie keng Loscht huet op normale Sightseeing oder e simpele Spadséiergang duerch d'Natur, dee fënnt vläicht beim Geocaching déi néideg Motivatioun fir en Trëppeltour. D'Paule Rodesch war mat den zwou Geocacherinnen Emelie an Nathalie op Schatzsich an der Haaptstad.
    0 min
  • Stammzellespenden: Vill potentiell Donateure sprangen um Enn of
    D’Associatioun Don de Moëlle schwätzt vun engem gravéierende Problem, dee Mënscheliewen op d’Spill géif setzen. D’lescht Joer wieren 204 Persounen aus dem Spenderegëster ugeruff ginn, well et e Match ginn hätt mat engem Leukemie-Patient. Dovu wier all Drëtte guer net ze erreeche gewiescht a ronn 13 Prozent hätten eng Spend refuséiert, gëtt d’Sekretärin vun der Associatioun Pia Gorza un. Wat sinn d'Grënn fir déi vill Refusen?
    0 min
  • Kommentar: Eng Klimakris, déi nervt
    Et gouf seelen esou vill iwwer d’Klimakris an hir Konsequenze geschwat wéi dëst Joer. Mee d’Regierung war erstaunlech roueg an huet sech praktesch net zum Theema gemuckst. Hunn d’CSV an d’DP de Kampf géint d’Ursaache vun der Klimaerwiermung iere schonn opginn? E Kommentar vum Pierre Reyland.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag