Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • "Die Landpartie": d'Geschicht vun engem Bild
    Et ass d’Geschicht vun engem Bild, dat an den 1930er Joere vun den Nazie geklaut gouf, deem säi rechtméissege Proprietär nom Krich net direkt konnt identifizéiert ginn, dat du wärend laange Jore verschwonne war, éier et nees opgetaucht ass, dat awer ëmmer nach a friemen Hänn ass. Eng verwuerelt Geschicht, déi och e Lien mat Lëtzebuerg huet, well d’Bild dem Grousspapp vum Gerd Klestadt gehéiert huet. An dee Gerd Klestadt, deen zu Bergen-Belsen am KZ war, huet eng laang Zäit zu Lëtzebuerg gelieft, an hien ass och vill doruechter a Schoulen iwwer seng Zäit am Konzentratiounslager schwätze gaangen. E Buch iwwer hien, dat hei am Land erauskoum, spillt och eng net onwesentlech Roll an der Geschicht, déi de Maurice Molitor verzielt.
    7 min
  • Neit Déierenasyl zu Diddeleng: Méi Plaz a besser Konditiounen
    Zu Diddeleng ass dat neit Déierenasyl no ronn zwee Joer Bauaarbechten a Betrib. Ronn 20 Hënn a Kaze sinn an de leschten Deeg aus dem ale Gebai eriwwer geplënnert. Bei de Kaze leeft de Betrib nees wéi gewinnt, bei den Hënn stinn nach Aarbechten un, éier nei Déiere kënnen opgeholl ginn. Fir d’Déieren an d’Ekipp bedeit den Neibau awer elo schonn däitlech besser Konditiounen.
    5 min
  • Parlamentswalen a Schweden
    Den 13. September gëtt a Schweden en neit Parlament an eng nei Regierung gewielt. Et ass déi éischt Wal als NATO-Member an et kéint och déi éischte Kéier zu enger Regierungsbedeelegung vun de rietspopulistesche Schwedendemokrate kommen. Wéi bléckt Schweden op déi Wal a wat sinn déi entscheedend Sujeten? Eise Korrespondent Max Tholl huet zu Göteborg nogefrot.
    4 min
  • D'Sozial Medie spillen eng ëmmer méi grouss Roll am Tourismus
    An de leschte Joren hunn déi Sozial Medien eng ëmmer méi grouss Roll am Beräich Reesen an Tourismus gespillt. Wéi fotogen – oder wéi “Instagrammable“ – eng Plaz ass, ass mëttlerweil bal genee esou wichteg gi wéi d’Aktivitéiten, déi do ugebuede ginn. Hei am Land ass Luxembourg for Tourism responsabel fir d’Fërderung vu Lëtzebuerg als touristesch Destinatioun. Si si viru Kuerzem och op de Social-Media-Zuch opgesprongen: Zënter 2025 schafft Luxembourg for Tourism enk mat Influencer:innen, Content-Creatoren a Blogger:innen zesumme fir méi Visibilitéit an Engagement ze schafen an domat Lëtzebuerg als touristesch a kulturell Destinatioun ze promovéieren.
    5 min
  • Formel 1: Preview op déi zweet Saisons-Hallschent
    No enger Summerpaus vu knapp engem Mount start d’Formel 1 dëse Weekend an déi zweet Hallschent vun der Saison. Dat mam Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort. De perfekte Moment also fir e klengen Ausbléck op dës zweet Saisons-Hallschent ze woen, wou de Kimi Antonelli als Favoritt op den Titel gëllt.
    0 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag