BirdTok. Seet Iech dee Begrëff eppes? Dat ass e relativ rezenten Term, dee sech aus de Wieder Bird, also Englesch fir Vull, an Tok, enger Ofkierzung vun der chinesescher Social-Media Plattform TikTok zesummesetzt. A BirdTok beschreift en Trend op Social Media, wou ëmmer méi Leit, virun allem jonker, sech fir Villercher interesséieren a sech mat aneren doriwwer austauschen. D’Ornithologie erlieft online also e Renouveau, vum Nerd-Hobby zu engem reegelrechten Hype. Ma ass déi Begeeschterung och zu Lëtzebuerg ze spieren?