Vill Grand-Duc, mee wéineg Lëtzebuerger Land: esou kéint een déi offiziell Zeremonie fir Nationalfeierdag gëschter an der Philharmonie resuméieren. Et war e bëssen, wéi wann den 3. Oktober scho virgezu gi wier, also deen Dag, op deem de Grand-Duc Henri zugonschte vu sengem eelste Fils, dem Ierfgroussherzog Guillaume, wäert ofdanken. Well déi 25 Joer Règne, déi geschwënn op en Enn ginn, waren DEN dominante Sujet vun der Feierstonn: dat louch virun allem un deem laange Film, dee gewise gouf - ma och un de Riede vum Premier, vum Chamberpresident a vum Staatschef selwer.