Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wunneng ze verlounen - awer net fir Albaner oder Afrikaner...
    Iwwerdeier Wunnengen, wéineg Offeren : D’Sich no enger neier Wunneng zu Lëtzebuerg ass schwiereg. Dat gëllt fir Lëtzebuerger grad wéi fir Mënschen, déi aus dem Ausland wëllen op Lëtzebuerg wunne kommen. A grad fir si, schéngt d’Sich no enger Wunneng nach méi problematesch ze sinn. D’Hautfaarf oder iwwerhaapt d’Originnen kënnen do – wéi et ausgesäit ganz séier een Hindernis sinn. Dat huet eng jonk Franséisin erliewt. Eng Immobiljenagence huet hir per Mail kloer gemaach, dass net jiddereen als Locataire erwënscht wär. De Léo-Paul Hoffmann huet sech de Fall méi genee ugekuckt.
    5 min
  • 40 Joer MSF zu Lëtzebuerg: Eng Ausstellung weist d'Aarbecht um Terrain
    D’Médecins Sans Frontières si weltwäit am Asaz – do wou Mënsche medezinesch Hëllef brauchen. Zanter 40 Joer si si och zu Lëtzebuerg aktiv. Fir dësen Ulass gëtt et an der Abtei Neimënster eng immersiv Expositioun iwwer d’Organisatioun, déi bis de Sonnde fir jidderee gratis op ass. Hei ginn d’Visiteuren iwwer déi vill Missiounen a weltwäit iwwer 70 Länner opgekläert. D’Zoustänn an engem Flüchtlingslager, déi heefeg Krankheeten an d’Mangelernierung ginn engem all mat Hëllef vu Material vum Terrain no bruecht. De Luca Di Santolo huet eng Schoulklass bei hirer Visite Guidée begleet.
    5 min
  • En Ausbléck op den UEFA Nations League Playoff Match: Lëtzebuerg-Malta
    Haut den Owend steet fir d’Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Hären den Allersmatch vum UEFA Nations League Playoff géint Malta um Programm. Um 18h00 spillt d’FLF Formatioun auswäerts op Malta. De Retourmatch ass en Dënschdeg am Stade de Luxembourg. Fir d’Lëtzebuerger geet et drëm net an d’Liga D ofzesteigen. De Pit Beffort huet virum Duell mat e puer Spiller an dem Trainer geschwat.
    5 min
  • Wéi geet et viru mat der Museksschoul Cavem?
    Zënter mei ewéi 50 Joer ass d’Cavem eng Institutioun zu Lëtzebuerg. Déi aktuell Situatioun ass fir di betraffe Museksproffe Besuergnis erreegend, den Direkter gëllt als vermësst. D'Proffe schaffen elo zesummen no enger Léisung, mee dat riskéiert, e Wettlaf mat der Zäit ze ginn, wéi zwee Mataarbechter am Gespréich mam Radio 100,7 erklären.
    5 min
  • Meedercher a Männerwelten
    D’Politik an d’Fuerschung sinn sech eens: Meedercher solle méi technesch Beruffer wielen. Mais den Zäitgeescht ass op retro an di jonk Fraen hu keng Virbiller a keng Loscht op Geschlechterkampf. Et muss een d’Fraefërderung an de Schoulen nei denken, seet d’Judith Reicherzer am Fräie Mikro.
    5 min
  • “Haie Gourmande”: Zu Hamm goufe 400 Hecke fir ze schneeke geplanzt
    Léiwer baussen an der Natur schaffen? Oder an der Schoul sëtzen? Des Fro huet een de 90 Primärschüler vun Hamm de Méinden net misse stellen. Voll Engagement hunn si sech op enger Wiss getraff fir zesumme mat dem Service Forêts an dem Departement “activités-nature” vum Service Enseignement vun der Stad Lëtzebuerg eng 400 Hecken ze planzen. An zwar net just iergendeng Heck, Mais eng “Haie Gourmande”, also eng un där een da spéider schneeke ka kommen. De Luca Di Santolo war bis laanscht.
    3 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag