Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • D'Jeunesse Esch an hir Visioun 2030
    De Lëtzebuerger (Fussball-)Rekordchampion wëll mat engem originelle Konzept u fréier Erfollegszäiten uknäppen. Den Trainer Reinhold Breu ass e Schlësselelement vun där Visioun.
    10 min
  • Koum et zum Rietsruck?
    Mir froen d'Chefredaktesch vu Radio ICI Lorraine, Fanette Hourt, wéi den zweeten Tour vun de Gemengewalen an der Grenzregioun ausgaangen ass. An enger Partie Gemengen hat de Rassemblement National sech am éischten Tour un der Spëtzt oder op zweeter Plaz positionéiert, dorënner zu Metz, zu Amnéville, Saint-Avold oder och nach Sarreguemines.
    8 min
  • Muechtwiessel a Rheinland-Pfalz
    A Rheinland-Pfalz, also direkt hannert de Musel, ass gëschter gewielt ginn – an d’Chrëschtdemokrate vun der CDU stellen no 35 Joer an der Oppositioun nees de Ministerpresident. Grousser Verléierer sinn d’Sozialdemokrate vun der SPD – also de Koalitiounspartner vun der Unioun op nationalem Niveau.
    5 min
  • Decisiven Tour vun de Gemengewalen a Frankräich
    Gëschter war a Frankräich den zweeten an decisiven Tour vun de Gemengewalen. A ville Stied, ënner anerem zu Paräis, gëtt et elo eng nei Persoun un der Spëtzt. Wéi eng Resultater hei besonnesch ervirzehiewe sinn a wéi eng Tendenzen sech schonn aus de Gemengewale fir d’Presidentielle ofzeechne, doriwwer schwätzen ech elo mat eisem Korrespondent zu Paräis, dem Max Tholl, dee mer zougeschalt ass. Max, komm mir bléiwen direkt bei dir an der Haaptstad. No 12 Joer Anne Hidalgo kritt Paräis en néie Buergermeeschter, de Sozialist Emmanuel Grégoire, dee sech géint d’Ex-Kulturministesch Rachida Dati duerchgesat huet - an dat och däitlech.
    6 min
  • Dem Viktor Orban säi Walkampf zu Bréissel
    Um EU-Sommet huet den ungaresche Premier net noginn: D’Ukrain muss weider op hir Suen waarden, Suen déi d’EU dem Land verbindlech zougesot hat. Och Ungarn war d’accord domat am Dezember - zwee Meint drop awer huet de Viktor Orban et sech anescht iwwerluecht a säi Veto ageluecht.
    Zanterhir gëtt an der EU gerätselt, wéi et dann elo virugeet - a wéi d’Ukrain awer nach un déi versprache 90 Milliarden Euro komme kann.
    Um EU-Sommet gouf et dorop keng Äntwert - ausser dem widderhuelte Verspriechen, datt d’EU ee Moyen fanne wäert, déi Suen auszebezuelen.
    Huet dat elo Konsequenze fir de Viktor Orban, datt hie sech net u säi Wuert gehalen huet? An wéi geet et virun fir d’Ukrain?
    Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
    8 min
  • Bommeleeër-Affär
    An der Bommeleeër-Affär waarden déi zwee initial Ugekloten zanter elo 12 Joer drop, dass hire Prozess weidergeet - an et also en Uerteel dozou gëtt, ob si dann elo schëlleg gesprach gi wéinst de Bommenattentater vu Mëtt der 80er Joer. Déi fréier Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie Marc Scheer a Jos Wilmes hunn an der Tëschenzäit nei Affekoten, an - wéi am Panorama héieren - déi ginn elo op d’Verwaltungsgeriicht. Si wëlle géint d’Refuse vum Stat virgoen, fir d’Affekotekäschte vun hire Clienten z’iwwerhuelen.
    6 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag