Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • KI an der Sozialaarbecht - wéi passt dat zesummen?
    Ënnert dem Motto "Wann d’Kënschtlech Intelligenz op Soziales trefft - a Richtung vun enger verantwortungsvoller an ethescher Zukunft" hat d’Fedas Lëtzebuerg, d’Federatioun vun de sozialen Acteuren am Land, op hir Journée fir de Soziale Secteur an der Coque invitéiert.
    5 min
  • Living Memory
    D’Historikerin Blandine Landeau huet eng 50 Gespréicher mat Iwwerliewende vun der Shoah, déi e Lien mat Lëtzebuerg haten, geféiert an op Video festgehal.
    12 min
  • Rëss an der Brandmauer
    Am Europaparlament solle Membere vun der EVP sech mat Vertrieder vun der Extrême-droite an der Migratiounsfro ofgeschwat hunn. D'Reaktioun vun der Lëtzebuerger Europadeputéierter Isabel Wiseler-Lima, där hir Partei - d'CSV - Member vun der EVP ass.
    8 min
  • Wien ass de Mojtaba Khamenei?
    Virun enger Woch gouf hien als neien iranesche Staatschef a Reliounsleader designéiert, zanterhier awer net an der Ëffentlechkeet gesinn. D'Rumeure ronderëm säin Openthaltsuert a säi Gesondheetszoustand kachen héich. Dem Mojtaba Khamenei sollen iwwerdeems Immobilien am Wäert vu 400 Milliounen Euro uechter Europa gehéieren, huet eng Enquête vun der Medienagence Bloomberg erginn.
    5 min
  • Bilan vum LuxFilmFest
    De Jeff Schinker aus der Kulturredaktioun kuckt am Moiesstudio op d'Editioun 2026 zeréck. De Gewënnerfilm ass den nigerianesche My Fathers’s Shadow vum Akinola Davies Jr., an der Dokumentarkompetitioun krut d‘Vladlena Sandu de Präis fir Memory.
    15 min
  • Gemengewalen a Frankräich
    Gëschter waren a Frankräich d’Gemengewalen. Déi politesch Kris vun de leschte Joren huet sech an enger niddreger Walbedeelegung zeréckgespigelt. Nächste Sonndeg ass dann den decisiven zweeten Tour. Wat kann ee bis elo konstatéieren a wou herrscht scho Gewëssheet, respektiv wou nach vill Spannung?
    5 min
  • Affär Wilmes: Zwee Patiente schwätzen iwwer hir Erfarungen
    De Radio 100,7 huet mat zwou Persoune geschwat, déi concernéiert sinn. Ee Patient, deem seng Operatioun no der Suspendéierung vum Dr. Wilmes duerch d’Hôpitaux Robert Schuman an der Gesondheetsministesch Martine Deprez, annuléiert gouf. An och mat enger Patientin, déi effektiv un de Kräizbänner operéiert gouf an duerno vun aneren Orthopede gesot krut, datt déi Operatioun onnéideg gewiescht wier.
    9 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag