Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Rekordverloscht beim COSL
    E Samschdeg de Mëtteg war zu Munneref am Casino d’Generalversammlung vum Daachverband vum Lëtzebuerger Sport. Knapp eng Millioun Euro Perte huet den olympesche Comité d'lescht Joer gemaach. De Michel Knepper gëtt Erklärungen a kuckt op säin éischt Joer als COSL-President zeréck.
    6 min
  • Jonk Fuerscher Contest
    Iwwer déi lescht Méint hunn d’Kandidatinnen a Kandidaten un hiren Iddie geschafft, an dëse Weekend ass et dann d’Endphas vum Concours. Beim Jonk Fuerscher Contest presentéiere jonk Talenter tëschent 11 an 21 Joer hir eege Fuerschungsprojete virun enger Jury.
    8 min
  • 12 Joer Anne Hidalgo zu Paräis
    De Weekend ass a Frankräich deen éischten Tour vun de Gemengewalen. Zu Paräis geet mat de Walen awer och eng Ära op en Enn. 12 Joer laang war d’Sozialistin Anne Hidalgo Buergermeeschtesch vun der Haaptstad an huet dës radikal verännert. Méi gréng, manner Autoen a méi Vëloen. Wat bléift vun 12 Joer Anne Hidalgo? Eise Korrespondent Max Tholl huet nogefrot.
    4 min
  • KI-Dësch: Kënschtlech Intelligenz am Déngscht vum Mënsch
    Déi meescht Aarbechtsplaze wäerten an Zukunft vu Roboteren ersat ginn … déi Kënschtlech Intelligenz wäert eis all ersetzen. Dës Ängschte ginn dacks an Zesummenhang mat der KI erwäänt. Fir doriwwer ze schwätze war gëschter Mëtteg am Schlass zu Senneng den éischte sougenannte KI-Dësch. D‘Regierung huet do mat de Gewerkschaften a Patronatsvertrieder iwwert den Impakt vun der KI op d‘Aarbechtswelt beroden.
    6 min
  • 5 Live in concert
    De Bassist Heng Kleren iwwer d'Konzept an d'Zesummesetzung vu senger neier Band, déi haut um 20:00 Auer am Leeë-Sall zu Welleschten hiren 3. Concert spillt.
    4 min
  • Pëtrol klëmmt, Gas stabil
    Den Erik von Scholz, CEO vun Enovos, berouegt seng Clienten. Anescht wéi Bensinn, Diesel a Masutt géife Gas a Stroum kuerzfristeg net wéinst dem Krich méi deier ginn.
    5 min
  • Internationaalt Recht an Irankrich: EU-Parlament ass sech net eens
    An der europäescher Debatt iwwer den Irankrich huet bis elo virun allem de spuenesche Premier Pedro Sanchez erausgestach. Hien hat déi amerikanesch-israeelesch Attacke besonnesch däitlech kritiséiert.
    D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, huet dat wéi vill anerer net gemaach an hat e Méindeg duerch eng Ausso fir Diskussioune gesuergt.
    Europa kéint net weider iwwer déi al Weltuerdnung waachen. Déi wier fort a kéim net erëm, esou d’Cheffin vun der Kommissioun.
    Dës Ausso gouf hir als eng Zort Support fir dem Donald Trump seng Politik op der internationaler Tribün ausgeluecht. Zum Beispill e Mëttwoch am Europaparlament - wou d’Debatt iwwer de Krich am Iran och däitlech gemaach huet, wéi ënnerschiddlech dorop an der EU reagéiert gëtt.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag