Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Fusioun am Fleegesecteur
    D’Rout Kräiz huet seng zwee Fleegedéngschter “Doheem versuergt” an HELP fusionnéiert. De Generaldirekter Michel Simonis erkläert firwat.
    10 min
  • Pëtrol klëmmt, Gas stabil
    Den Erik von Scholz, CEO vun Enovos, berouegt seng Clienten. Anescht wéi Bensinn, Diesel a Masutt géife Gas a Stroum kuerzfristeg net wéinst dem Krich méi deier ginn.
    5 min
  • Bis zu 40 Euro Erspuernisser an eng Kaffisreserve uewendrop
    Wärend d’Politik iwwer méiglech Schrëtter diskutéiert, fir d’Präisschwankunge bei den Energiepräisser an de Grëff ze kréien, klammen d’Tariffer op de Bensinnsstatioune weider. Mee den Tank vun hirem Auto opfëlle mussen d’Chaufferen trotzdeem - zu Waasserbëlleg weise sech d'Leit resignéiert.
    3 min
  • Ëmweltproblem Autospneuen
    Dee bei Wäitem gréissten Deel vu Mikroplastik, deen an d'Natur geréit, ass op d'Ofnotzung vun Autospneuen zeréckzeféieren. De Camille Müller vun oekotopten.lu erkläert a gëtt e puer gutt Rotschléi, wéi deen eenzelen Automobilist säin Impakt reduzéiere kann.
    9 min
  • EU-Kontroll vu Finanzmäert: Lëtzebuerg seet weider Nee
    Déi europäesch Kontroll-Agence fir d'Finanzmäert (kuerz ESMA) mat Sëtz zu Paräis soll gestäerkt ginn. Dat huet d'Europäesch Kommissioun am Dezember proposéiert. Un där Reform gëtt den Ament an der EU geschafft.
    An d'Iddi vun enger zentraliséierter europäescher Kontrollagence schéngt op EU-Niveau ëmmer méi Zousproch ze fannen. Lëtzebuerg stäipt sech weider dergéint. Dat huet de Finanzminister Gilles Roth en Dënschdeg op enger Reunioun zu Bréissel kloergestallt. Hie krut dobäi awer net all ze vill Ënnerstëtzung. Detailer vum Danièle Weber
    4 min
  • Anti-Mogelpackungsgesetz an Éisträich
    Manner dra fir dee selwechte Präis? An Éisträich gouf eng Kennzeechnungsflicht vu verstoppte Präiserhéijunge bei Liewensmëttel a Supermarchéen ageféiert. Ee Beitrag iwwer d’Anti-Mogelpackungsgesetz vum Cyrille Hill
    5 min
  • Schwäizer bezuele gär fir d'SRG
    An engem Referendum hu sech bal 62 % dergéint ausgeschwat, manner fir ëffentlech-rechtleche Rundfunk ze bezuelen. D'Reaktioun vun der Larissa Bieler aus der SRG-Direktioun.
    9 min
  • Wéi geféierlech si Meteoritten?
    Virgëschter Owend ass zu Koblenz e Meteorit op den Daach vun engem Haus gefall. Mir froen den Eric Buttini vum Naturmusée, wéi dacks esou eppes geschitt, a wéi geféierlech et ass.
    12 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag