Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • 5. Rapatriement-Aktioun
    Eng 30 Persoune konnte gëschter vun Dubai aus op Lëtzebuerg bruecht ginn. Et war déi 5. Rapatriement-Aktioun zënter dem Krich am Noen Osten. Dee Grupp gouf mam Militärfliger A400M zesumme mat engen 100 anere Bierger:innen aus der Belsch an Holland vun Dubai op Bréissel geflunn. Duerno gouf ee Bus vun der Lëtzebuerger Arméi agesat fir d'Réckrees bis op de Findel.
    4 min
  • Gutt Noriicht fir d'Gebléishal um Belval
    D'ONG Europa Nostra huet d'Gebléishal op d'Lëscht vun de 7 Most Endangered Heritage Sites in Europe gesat. Firwat dat eng gutt Noriicht ass, erkläeren d’Anne-Catherine Richard vum Centre national de la culturel industrielle (CNCI) an de Guy Clausse vun Europa Nostra.
    5 min
  • Krich am Iran: tëschent Suergen an Hoffnung
    Israel an d’USA bombardéieren den Iran. Am Fräie Mikro erkläert de Bob Reuter vun AHA Lëtzebuerg, firwat hien als Humanist dës Gewalt evidenterweis net guttheesche kann - mee d’Hoffnung op Fräiheet fir d’iranescht Vollek no 47 Joer Theokratie trotzdeem deelt.
    4 min
  • Wou kommen d'Wiederprevisiounen hier?
    Mir geheien e Bléck hanner d'Kulisse vu Meteolux, dem staatleche Wiederdéngscht. Wéi verleeft en typesche Moien a wat geschitt, wann d'Wieder riskéiert méi ongemittlech ze ginn? De Meteorolog Luca Mathias gëtt dem Paule Rodesch Erklärungen, live aus der Zentral vu Meteolux um Findel.
    11 min
  • Eigentlech verluer, mee awer gewonnen
    Mat ganz knapper Avance huet d’B90/Die Grünen d’Landtagswal a Baden-Württemberg gewonnen. Ugeféiert vum Spëtzekandidat Cem Özdemir kënnt d’Partei op 30,3 Prozent vun de Wielerstëmmen. Just 0,6 Prozent dohannert läit d’CDU op der zweeter Platz, déi rietsextreem AfD gëtt mat 18,7 Prozent drëttstäerkste Kraaft. D’Warscheinlechkeet ass héich, datt déi gréng-schwaarz Regierung zu Stuttgart weider un der Muecht bleift.
    Detailer vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.
    4 min
  • Iwwersetzung am Zäitalter vu KI
    Wéi een Afloss huet Kënschtlech Intelligenz op d'Aarbecht vum Traducteur a vum Interpret? Froen un d’Selma Beganovic vum Beruffsverband ALTI, der Association luxembourgeoise des traducteurs et interprètes
    5 min
  • Groussherzoglech Visitt a Spuenien
    De Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie waren op Visitt zu Madrid. Dat op Invitatioun vun der spuenescher Kinnekskoppel. Am Fokus stoungen déi diplomatesch a wirtschaftlech Relatiounen tëschent den zwee EU-Memberstaaten. Mat derbäi waren dofir och den Ausseminister Xavier Bettel, de Finanzminister Gilles Roth an de Wirtschaftsminister Lex Delles. D’Sté Bisenius war fir de Radio 100,7 mat der Delegatioun an der spuenescher Haaptstad a faasst Andréck vun der Visitt zesummen.
    5 min
  • D'Rout Léiwinnen am Hampden Park
    No der 0-5-Defaite géint Schottland en Dënschdeg heiheem, spillt d'Lëtzebuerger Fussballnationalekipp vun den Damme muer (7.3.) de Retourmatch zu Glasgow. Am 100,7-Interview verréit den Nationaltrainer Dan Santos, wéi eng Léiere seng Ekipp aus deem éischte Match gezunn huet, a mat wéi engen Erwaardunge si d'Partie am legendären Nationalstadion zu Glasgow muer ugeet.
    9 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag