Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Taxidermist: Kee Beruff wéi een aneren
    Hei am Land gëtt et offiziell just een Taxidermist. Wéi genee seng Aarbecht ausgesäit a wei hien aus engem doudege Vull oder engem Mamendéier e realitéitstreit Ausstellungsstéck mécht, dat war d’Sté Bisenius sech op Keelen a säin Atelier ukucken.
    5 min
  • 10 Milliounen Euro fir méi ëmweltfrëndlech Camionen - geet dat duer?
    10 Milliounen Euro hellt d’Regierung an d’Hand, fir Transportentreprisen ze encouragéieren hir Camionsflott op Elektro oder Waasserstoff ëmzestellen. Den Ekonomieministère schwätzt vun engem wichtege Schrëtt, fir d’Firmen dobäi ze ënnerstëtzen hiren ökologesche Foussofdrock dauerhaft ze reduzéieren a gläichzäiteg hir Kompetitivitéit ze stäerken. Dës Initiativ wier dréngend noutwenneg, seet den Antoine Ries, Beroder fir d’Transportbranche bei der Luxembourg Confederation am Gespréich mam 100,7. Nach ass d’Unzuel un elektresch bedriwwene Camionen op eise Stroossen nämlech immens geréng.
    4 min
  • E Fussballspiller, aus deem e grousse Resistenzler gouf
    No senger Karriär beim HSV koum den Norweger Asbjörn ”Assi“ Halvorsen an d'KZ Natzweiler-Struthof, wou hien dräi Lëtzebuerger vill ze verdanken hat. D’lescht Woch huet den Hamburger Geschichtsproff Jürgen Kowalewski eng Konferenz doriwwer am Escher Resistenzmusée gehalen. De Maurice Molitor huet bei där Geleeënheet mat him geschwat.
    12 min
  • Bombardementer am Libanon: "Israel huet op dee Moment gewaart“
    Den Irankrich breet sech an der Regioun aus. E Méindeg fréi moies huet déi schiitesch Miliz Hisbollah aus de Libanon fir déi éischte Kéier zanter dem Waffestëllstand erëm Rakéiten op Israel ofgeschoss. Israel huet net gezéckt an den nämmlechten Dag zeréckgeschloen. Op d’mannst 40 Doudeger an iwwer 240 Blesséierter mellt dee libaneesesche Gesondheetsministère no just zwee Deeg Bombardementer. Wat ass d’Strategie vun Israel am Libanon? Eise Korrespondent Léonardo Kahn vun Tel Aviv mat den Detailer
    4 min
  • "Buy European" light: Wéi d'EU-Kommissioun "made in Europe" fërdere wëllt
    Haut presentéiert d’Europäesch Kommissioun deen sou ‘genannten “’Industrial Accelerator Act”. Hanner dem Titel verstoppt sech eng relativ einfach Iddi: d'Promotioun vum “Made in Europe” oder och “Buy European”. Zil ass et, déi europäesch Industrie ze schützen.
    D'Iddi ass net onëmstridden. Et gouf méintelaang doriwwer diskutéiert, d'Presentatioun vun deem “Buy-European-Pak” gouf e puermol verluecht, well ee sech net eens gouf.
    Elo gesäit et esou aus, wéi wann de Projet zimmlech ofgeschwächt gouf.
    Wat ass geschitt a wien huet sech um Enn duerchgesat? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
    7 min
  • Online-Bedruch: Mat wéi engen Tricke schaffen d'Täter?
    D'Fuerscherin Muriel-Larissa Frank huet sech mat der Virgoensweis vun den Täter bei sougenannte Pig Butchering Scams befaasst, bei deem iwwer laang Zäit Vertraue mam Affer opgebaut gëtt, éier den eigentleche Bedruch stattfënnt. Mat hire Resultater hofft si Affer ze entstigmatiséieren an am Beräich vun der Präventioun Léisungsusätz ze liwweren.
    10 min
  • Wéi leeft eng Naturwëssenschaftsolympiad of?
    Bei Bio, Chimie a Physik rësele verschidde Leit dobausse vläicht de Kapp. Eng 2.100 Schüler:innen aus 28 Lycéeë gefalen dës Fächer awer esou gutt, datt si hiert Wëssen op der Naturwëssenschafts-Olympiad op d’Prouf stellen. No engem éischte Multiple-Choice-Test, deen d’Schüler:innen an hire Schoulen hu misse schreiwe, koumen déi bescht 85 an eng Halleffinall. Do hu si nach eng Kéier theoreetesch Aufgabe misse léisen, fir dann an der grousser Finall ze stoen. Um Campus Geesseknäppchen am Gebai vum Michel Rodange war et du fir déi 24 beschte Jonk esou wäit.
    4 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag