Fir rar Krankheete ginn et wéineg Traitementer. Fir Betraffener zu Lëtzebuerg spillt d'ALAN eng Schlësselroll a Saache Berodung. Gespréich mam Direkter Dan Theisen
Déi 15 Joer al Äiskonschtleeferin Caroline huet Leukemie a brauch eng Stammzellespend. Dofir organiséiert hire Club an d'ASBL Plooschter Projet muer eng Testaktioun an der Stad.
Den Trompettist Felice Civitareale huet mat Pop- an Jazz-Gréisste wéi Roberto Blanco, Falco oder Max Greger zesummegespillt a war iwwer 20 Joer laang Member vun der SWR Big Band. Gebierteg ass hie vun Déifferdeng. An den Achtzeger Joren huet hien de Sprong an d'Ausland gewot a gepackt. Zesumme mam Paule Rodesch huet hien op seng Karriär zeréckgekuckt.
E Sonndeg ass nees e grousse Fuesëmzuch an der Minettmetropol, déi Kéier op engem neie Parcours: vun der Brillplaz duerch d'Uelzechtstrooss bei d'Gemeng. Den Dan Codello, President vun der ASBL Escher Fuesent, gëtt e puer Explikatiounen.
Virun engem Joer ass d'Péitenger Musekschoul an e fonkelneit Gebai geplënnert, muer gëtt et mat engem Concert vum Francesco Tristano mam Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) offiziell ageweit.
Gespréich mat der Historikerin Anne Schaaf - si huet de Luxembourg City Museum fir d'Expo iwwer d'Menstruatioun beroden a plaidéiert fir eng besser Opklärung vu Kanner a Jonken.
Wann Dir an der Lescht vill dobaussen ënnerwee waart a vläicht eng Pollenallergie hutt, kéint Dir schonn déi éischt Symptomer gehat hunn. Wat vill Leit net wëssen, ass datt mir eis schonn an der Pollesaison befannen. Beem wéi de Nëssert oder den Alenter haten an de lëschte Wochen e richtege Peak.
D’Gemeng Stengefort mat hire 6.000 Awunner wiisst - a brauch dofir mëttelfristeg méi Plaz an de Schoulen. Doriwwer si sech den LSAP-Schäfferot an d’Stengeforter CSV-Oppositioun eens. Doriwwer wéi a wou een déi néideg Plaz soll fanne fir méi Schüler:innen ënnerzekréien awer manner. D’Stengeforter CSV huet leschte Sonndeg eng Petitioun gestart mam Zil e Gemengereferendum zu dëser Fro ze organiséieren.
Um Stater Geriicht gëtt am Nomëtteg d'Urteel am zweete Bommeleeër-Prozess gesprach: Mir kommen op de Prozess zeréck a beliichten, wat ze erwaarden ass.
Virun engem Joer ass d'Péitenger Musekschoul an e fonkelneit Gebai geplënnert, muer gëtt et mat engem Concert vum Francesco Tristano mam Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) offiziell ageweit.