Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Wéi geet et den Ukrainer zu Lëtzebuerg?
    Haut op den Dag sinn et véier Joer hier, datt Russland d’Ukrain ugegraff huet. Zënterhier ass e Krich amgaangen, vun deem d’Enn esou séier net en Vue ass. Mindestens 15.000 zivil Doudesaffer a méi wéi 40.000 blesséiert Zivilisten huet de Krich bis ewell gefuerdert. Zënter dem Ufank vum Krich 2022 sinn och vill Ukrainer:innen op Lëtzebuerg geflücht. Ëm déi 7.700 dovu kruten eng Protection temporaire zu Lëtzebuerg. Aktuell liewen ëm déi 4.000 Ukrainer:innen zu Lëtzebuerg. Wéi ass deenen hir Situatioun hei am Land? A wéi gutt si si integréiert? Ënner anerem doriwwer huet de Jo Welfringer mam Nicolas Zharov, dem President vun der Associatioun LUkraine geschwat, déi sech zu Lëtzebuerg fir Ukrainer:innen asetzt. An deen huet net mat Kritik gespuert.
    6 min
  • Een Dag virum véierte Joresdag vun der russescher Invasioun
    D'Ausseministere vun der Europäescher Unioun treffe sech haut zu Bréissel. Mat dobäi ass och den Ausseminister vun der Ukrain. Een Dag virum véierte Joresdag vun der russescher Invasioun soll en 20. europäesche Sanktioune-Pak géint Moskau entscheet ginn. Mee Ungarn riskéiert déi Mesuren ze bremsen. De russesche Krich géint d'Ukrain geet also a säi fënneft Joer.
    7 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag