Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Experimentelle Bësch um Eecherfeld: Beem planze géint de Klimawandel
    Am Quartier Millebach am Norde vun der Stad war d’lescht Woch de Startschoss fir ee ganz spezielle Bësch. Um Eecherfeld ginn 3.500 jonk Beem geplanzt - dat als eng Zort wëssenschaftlecht Experiment fir d’Zukunft - fir erauszefannen, wéi een d’Bëscher hei am Land méi resilient fir d’Zukunft maache kann.
    5 min
  • Filmtipp: "The History of Sound"
    Dem südafrikanesche Cineast Olivier Hermanus säin Drama iwwer Léift, Erënnerung a populäre Gesang, mam Duo Paul Mescal a Josh O'Connor an den Haaptrollen, ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinotipp.
    3 min
  • Volle Succès fir d'Stammzellen-Aktioun
    E Samschdeg gouf et e volle Succès um Dag vun der Stammzellen-Aktioun. Ronn 1.400 Leit hunn an der Victor Hugo Hal participéiert. Fir d'Äiskonschtleeferin Caroline ass dat eng Chance, fir ee kompatibele Spender ze fannen an de Kampf géint Leukemie ze gewannen.
    6 min
  • Wéi reagéiert d'EU op d'Attacken op den Iran an hir Suitten?
    Wéinst der Situatioun am Noen Oste gouf e Sonndeg eng extra Sitzung vun den Ausseministeren aus de 27 EU-Länner zesummegeruff. Um Méindeg huet d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen eng Krisesëtzung an der Kommissioun aberuff.
    Mee, kann ee soen, datt d'EU mat enger Stëmm op de Konflikt reagéiert? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
    An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
    7 min
  • Biissen am Volleyball-Féiwer: Eng Sportaart am Opschwong?
    Vu leschten Donneschdeg bis gëschter Sonndeg nach mat, stoung Bissen ganz am Zeeche vum Volleyball. Do gouf nämlech de Final Four - also d’Halleffinallen an d’Finallen - vun der Coupe gespillt. Iwwer 4 Deeg waren déi bescht Jugend- a Seniorsekippen aus dem ganze Land am Asaz. Insgesamt hate sech 20 Ekippe qualifizéiert. Bei den Dammen ass den Titel um Enn op Bouneweg gaangen a bei den Häre konnt sech Luerenzweiler duerchsetzen.
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag