Bei den Olympesche Wanterspiller ass den Äishockeytournoi matten amgaangen. Bei de Fraen ass haut d’Finall a bei de Männer sti muer d’Halleffinallen um Programm. De klore Favorit ass do wéi esou dacks Kanada. Mee wéi steet et eigentlech ëm den Äishockey hei zu Lëtzebuerg? De Jo Welfringer war um Training beim Tornado Lëtzebuerg, deen an der drëtthéchster franséischer Spillklass untrëtt an huet ënner anerem erausfonnt, firwat Lëtzebuerger Äishockey-Ekippen an auslännesche Championnater untrieden.