Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Ee politesche Wettbewerb: Éischt Andréck vun der Berlinale
    D’Berlinale geet an hire fënneften Dag - an de feministesch-politesche Kurs, dee mat dem Ouverture-Film "No Good Men" ageschloe gouf, gëtt zum Deel weider agehalen. De Jeff Schinker iwwer déi éischt Filmer am Wettbewerb - an “Die Blutgräfin”, eng Lëtzebuerger Koproduktioun.
    13 min
  • Dikkrecher Kavalkad
    Scho fir d'58. Kéier fueren e Sonndeg d'Fuesween duerch d'Ieselsstad. De Sandro Dimola aus dem Organisatiounscomité gëtt Erklärungen zu de leschte Preparatiounen.
    6 min
  • Kënnbakesteeën
    Zanter leschtem Joer ass d'Traditioun vun der Kënnbakestee op der UNESCO Lëscht vum Patrimoine immateriel.
    Zu Boukels preparéiert d'Vereenegung vun de Vältesfrënn déi Stee.
    5 min
  • D’Raiffeisen investéiert 10 Mio. Euro an d’Digitaliséierung vum Kärgeschäft
    Fir der ländlecher Bevëlkerung hei am Land den Zougank zu Finanzservicer méiglech ze maachen, war virun 100 Joer d’Bank Raiffeisen gegrënnt ginn: den 9. Februar 1926.
    Hiren 100. Anniversaire huet d’Bank Raiffeisen gëschter Owend a Presenz vum Grand-Duc Guillaume, dem Premier Luc Frieden (CSV) an iwwer 1.200 weidere Gäscht an der Rockhal op Esch-Belval gefeiert.
    An d’Moderniséierung vum Kreditgeschäft sollen an den nächsten dräi Joer 10 Milliounen Euro fléissen. Dat huet d’Bank Raiffeisen am Kontext vun hirem 100. Anniversaire ugekënnegt.
    5 min
  • D'Muselregioun setzt op Oenotourismus
    Et gëtt ëmmer méi schwiereg fir just vun der Wäiproduktioun ze liewen. En neien Aktiounsplang soll dofir suergen, datt d'Wënzer sech kënnen en zweet Standbeen opbauen. De Gilles Estgen, President vum Regionalen Tourismusbüro fir d’Muselregioun gëtt PrEzisiounen.
    10 min
  • D'Berlinale huet ugefaangen
    Gëschter Owend (12.2.) huet déi 76. Editioun vum Filmfestival zu Berlin mat der Projektioun vum Film "No Good Men" vun der iranescher Realisatrice Shahrbanoo Sadat ugefaangen. De Jeff Schinker mellt sech aus der däitscher Haaptstad.
    5 min
  • Olympesch Wanterspiller
    Bei den Olympesche Wanterspiller an Italien ass et haut d’Finall bei de Männer vum Skeleton. Dat ass eng Disziplin, bei där een op engem Schlitt mam Kapp no vir eng Äispist eroffiert. Nëmmen d’Vitess zielt. De Simon Larosche mat méi Detailer.
    3 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag