
Sign up to save your podcasts
Or


De Corona-Virus huet d'Land erreecht. En huet eis am Grëff. Schäisspabeier an Pasta si Sold-Out. Lëtzebuerg ass am Ausnahmezoustand. Weider Infos am Podcast vun Ärem Vertrauen!
Am Prolog an an der éischter Episod ugekënnegt, an an der Episod Nummer 14 ass et endlech esouwäit! Hunn ech ee potentielle Co-Host? Dës Episod ass jiddefalls mol méi laang, a mat engem Gespréichspartner. Themen: Dëst an Dat! Vill Spaass beim Lauschteren!
CORRECTIOUN: Natierlech ass de Brexit Vote aus dem Joer 2016 an soumat 4 Joer, net 7. Ween Tippen kann ass kloer am Viirdeel! Iwwerliesen ier een eppes Aschwätzt soll geléiert si!
An dëser Episod kucke mer mol neess riwwer bei de Brexit, eisen aale Kolleg, dann bleiwe mer kuerz bei de Briten, a gi mat hinnen a Kanada, an da komme mer rem op Lëtzebuerg, fuere mam Gratis Bus, Zuch, Tram a Funiculaire. Wa mer scho bei Tram sin, den Trump kënnt och nach kuerz dotëscht an de Programm, an oofschléisse mache mer mat engerm 13. Mount an enger décker Scheiw Index.
D’Joer geet op en Enn, a sou och dëse Podcast, jiddefalls mol fir 2019. Themen dës Kéier: Schupperten bei der Lëtzebuerger Post, net nëmmen bei DPD, an e Bléck an England, mä versprach, näischt Politesches des Kéier!
Déi besënnlech Zäit geet un, mee sou ass se net vir jiddfereen. Déi eng kämpfe mat sech selwer, déi aner géint den Terror, a munchereen géint déi gudd Affären vum Black Friday. Sou oder sou, d'Interpretatioun vu sou villem ass jiddferengem selwer iwwerlooss, mä den eigentlechen Sënn sollt dach méi oder wéineger définéiert sinn.
Feedback gären via Facebook (teralux.tv), Instagram (teraluxtv) oder via Email ([email protected])
An dëser Episod erwardt Iech e Mix aus Traditiounen, ënnert anerem dem Brexit, an ee Fazit zu mengem Plang duerch Intervallfaaschten Gewiicht ze verléieren! Hues du domat schon Erfahrungen? Schéck e Comment via Facebook (teralux.tv), Instagram (teraluxtv) oder via Email ([email protected])
Egal ob Brexit, eis Chamber oder Motivatiounsläscher. Dës Episod enthalt alles, kompakt ob ënner 10 Minutten resuméiert. Wichteg ass de Message, net wéi lang en ass, mee wat en enthält, egal ob bei Frënn, Aarbeschtkollegen, Politiker, oder soss weem. Dës Episod kann och nawell spueren vu Sarkasmus enthalen. Vill Spaass, an denkt drun, Feedback ass wëlkomm: FB: Teralux.tv / Instagram: @teraluxtv
Nee, si se net. De Klimawandel ass real. En ass just net sou nei wei emmer jidfreen mécht an et gouf e scho virun dausenden vu Joeren. De Mënsch beschleunegt déi ganz Prozedur dei sech usech emmer neess widderhëlt just immens. Ahjo: #Greta #FridayForFuture net vergiessen. An de Brexit ass natierlech och eng eenzeg Idiotie...
Egal ob Doheem oder ob der Aarbecht, iergendwou ass ëmmer eppes Digitales. Wei wäit si mir zu Lëtzebuerg? Si mir Lëtzebuerg 2.0, oder hänke mir zréck? Wat ass Méiglech a wat feelt? Gewënnt de Profit oder d'Perséinlechkeet an de Service um Client, a wousst Dir, dass een dem 112 an 113 kann SMSen schécken?
Einfach mol seng Aarbecht verléieren, obschonns dach alles Perfekt ass? Gutt Zuelen, nach ee Chefposten méi, dofir 85 Mataarbechter manner? Klengt logesch oder net? Den Dräieck gehéiert jo am Baukasten och an d'Form vum Quadrat, nee?
From the publisher's feed