Palaver, Palaver!

Palaver, Palaver!

By TeraluxTVSociety & Culture
Download on the App Store

Palaver, Palaver! episodes

  • #05 - de François B. sollt Comedian gi

    Et ass net de bäschte Podcast vun der Welt, mä dofir sinn ech realisteg. Erlaabt mir dës Woch ob eng sarkasteg Manéier eisem Fränz seng Transportpolitik a Fro ze stellen. Nee dir léif Pöbler, et geht net em déi rieseg Selfiesticks um Bord vun der Strooss. 

    Fir Kritik a Comments:

    Facebook: Teralux.TV / Instagram: teraluxtv

    8 min
  • #04 - Lëtzebuerg entdecken!

    Vakanz am eegene Land? Keng Saach vun der Onméiglechkeet. Mä wat maachen? Wéisst Dir wat dir géift recommandéieren? An dëser Episod ginn et 20 Tipps fir Tourist am eegene Land ze si.

    11 min
  • #03 - REAL TALK: Tornado zu Lëtzebuerg

     Dës Episode handelt net em witzeg a skurril Events, mä befaasst sech mat der Aktualitéit vun e Freideg, wéi ech se perséinlech erlieft hunn, an wat mir opgefall ass bei Videoen an de Reaktiounen vun Leit déi méi no derbäi waren. Zum Zäitpunkt vum Passage war ech NET an der Géigend, hunn awer mat engem Kolleg kommunizéiert deen quasi an der Strooss nieft der Verwüstung war. 

    18 min
  • #02 - Taxen a Faxen mä keng Schwengshaxen

    //Rectificatioun: Et sollt heeschen "säit 2006" an net "säit 6 Joer". Den Horst Seehofer ass natierlech net Bundespräsident, mä Bundesminister (e. a. Innenminister) //

    Themen vun dëser Episod: London Tube, déi Gréng an Fortnite 

    Top Politik gëtt et bei eisen däitschen Noperen, mä hir Kommunikatiounstalenter sinn e Flopp. Den nächste Fall fir de Rezo? Zu London geet d'Hëtzt mat de Leit duerch, an hëtzeg gëtt et dem Bugha wann e bis säin Decompte vun de Steieren kritt.

    11 min
  • #01 - Hello World

    15 Minutten feinsten Palaver iwwer Fluchreesen mat Pannen an Action, Zitrön an Phonetik, sou wéi Sozial Medien an dat wat Leit do alles deelen. Deels Vegan, Deels egal.  Dat Onwichtegst aus der Welt, onnéideg an d'Längt gezu. 

    16 min
  • #00 - Prolog

    Den Ufank vum Iwwel ass do. D'Episode 0, de Prolog. Do stoung dach bemol e Mikro an e Mëschpult, an da läit do nach sou eng mysteriéis Checklëscht. Komesch Sounds Geeschteren och nach Doruechter, an ech loossen de Wieder fräie Laf. Wat huet et mat "Palaver, Palaver!" op sech, a wat erwaart dech? Dat gëss de elo gewuer! 

    6 min

About Palaver, Palaver!

From the publisher's feed

Geschwätz, d'Aktualitéit, d'Vergaangenheet an d'Zukunft. Gutt verpak mat vill Wieder ronderëm, prett en voluminéise Menü fir d'Ouer ze liwweren.