Philo am Gespréich

Philo am Gespréich

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Philo am Gespréich episodes

  • Philosophie an Natur
    Dat Grousst a Ganzt, vun deem mir just ee klengen Deel sinn: D'Natur! Wat Natur iwwerhaapt ass, wéi d'Mënschen Natur begraff hunn a begräifen, a wéisou d'Relatioun Mënsch-Natur am 21. Joerhonnert ufänkt ze zerfalen, diskutéieren d'Nora Schleich an d'Annick Meiers, Permakulturgäertnerin.
    48 min
  • Philosophie a Spill
    D’Philosophie beschäftegt sech ëmmer mam Liewen a mam Weltverständnis. Dës Kéier geet et ëm Philosophie a Spill. “Der Mensch ist nur ganz Mensch, da wo er spielt.“, sot de Schiller schonn. Spillen hu mir als Kanner gemaach, mee maache mir et och haut nach, heiansdo vläicht onbewosst? Jo! An dat aus guddem Grond.
    Wat bedeit dat fir eist Mënsch-Sinn, fir eist Zesummesinn, a wéisou ka behaapt ginn, datt eis Kultur aus dem Spillen entstanen ass?
    Dëst a méi diskutéiert d’Nora Schleich mam Erik Eschmann, deen zu Prozessualitéit a Perspektivitéit gefuerscht huet - an och ganz faszinant Perspektiven zum Theema Spill matbréngt.
    52 min
  • Philosophie a Psychiatrie
    D’Philosophie versicht d’Welt ze verstoen - an dorënner fale ganz vill alldeeglech Theemen, déi erstaunlech dacks ganz vill Philosophesches opzedecken hunn. Mam Psychiater Paul Rauchs schwätzt d’Nora Schleich iwwer d’Gebuert vun der Psychiatrie aus de Geeschteswëssenschaften, iwwer d’Definitioune vu Wahn, iwwer Kontroll a Muecht an der Psychiatrie an an der Gesellschaft - an natierlech gëtt sech och gefrot: Gëtt et dat Béist am Mënsch?
    50 min

About Philo am Gespréich

From the publisher's feed

Philosophie kennt een aus der Schoul, aus Bicher, aus der Fuerschung. Mee wat mécht d’Philo an der Welt? Wou ginn et philosophesch Froen? Wéi verhält sech Philo zu anere Beräicher aus eiser Welt; a…