🎙️ Ech si ganz frou a houfreg, dass ech fir dëse Podcast e ganz besonnesche jonke Mann un menger Säit hat De Ryan Cibango!
Hien huet eng natierlech Ausstrahlung, déi een direkt spiert– ech muss et net besonnesch sichen, et ass einfach do.
Seng Aart ze schwätzen ass intelligent an beräichernd an ech lauschteren him esou gäre no.
Mee wat mécht de Ryan amfong?Hien ass net nëmmen Mannequin, mee och Singer-Songwriter, Dänzer, Acteur a Filmregisseur. Sou Multitalenter fënnt e wierklech net oft.
Dofir sinn ech immens dankbar, dass hien meng Invite ugeholl huet an hei am Podcast matgemaach huet.
🎧 Bleift also um Lauschteren – et gëtt wäertvoll, witzeg an e bësse mystesch.
🎥 D’Video gouf realiséiert vum @olahappycookie
📸 D’Fotoe si vu @followthelynn
💻 E grousse Merci och @cecilia.said.viera wat alles flott opbereet an op de Podcast-Plattforme verdeelt.