Pitstop - de Podcast iwwert d'Formel 1 an méi

Pitstop - de Podcast iwwert d'Formel 1 an méi

By Gilles & PierSportsNewsSports News
Download on the App Store

Pitstop - de Podcast iwwert d'Formel 1 an méi episodes

  • Episod 8
    Lët'z Fetz asbl ass elo eng Zäitche senger Haaptbeschäftegung nogaangen an an der Zäit ass vill an der Formel 1 geschitt. An dëser Episod kucke mir op déi vergaange Wochen zeréck a freeën eis op de leschte GP. Dës ass dann och vläicht déi leschte Pitstop Podcast Episod.
    1 hr 21 min
  • Episod 7
    Ungarn virun der Summerpaus an d'GP's vun der Belsch an Holland no der Summerpaus stoungen um Programm a mir hunn déi neiste Fuererwiessel analyséiert.
    Et war dann och de Podcast vun de Pannen an Ënnerbriechungen. Lët'z Fetz Racing hat wuel déi falsch Strategie fir dës Episod; déi et och erëm als Vodcast op YouTube ze fannen ass: https://youtu.be/LVgXhZs5Dco
    1 hr 1 min
  • Episod 6
    Dat ass séier gaangen: Dës Kéier hu mir iech net laang waarde gelooss a schonn no engem Grand Prix gëtt et eng nei Episod.
    Besonnesch ass och, dass mir eis dobäi gefilmt hunn an esou eisen éischte Vodcast gemaach hunn. Perfekt ass et nach net, mee iwwerzeegt iech selwer um fonkelneien Lët'z Fetz YouTube Channel: https://youtu.be/I5b-zFd93Wc
    1 hr 6 min
  • Episod 5
    Mir hunn iech erëm waarde gelooss. Dofir keng grouss Erklärungen zu eiser Freestyle Episod an einfach direkt lauschteren.
    59 min
  • Episod 4
    Et ass esou enk ewéi ganz laang net méi un der Spëtzt vun der Formel 1. Mir sinn iech ee Réckbléck vun de Grand Prix'en vu Portugal, Spuenien a Monaco schëlleg. Grad dee Leschten huet am Klassement esou munches verännert. Nieft der F1, dierf den Dylan och an dëser Episod net feelen. Hien huet een nach méi busy Kalenner ewéi mir.
    1 hr 5 min
  • Episod 3
    Am Reen zu Imola war alles mat dobäi: den zweete Grand Prix vun der Saison war Spannung puer. Nieft dem grousse Réckbléck, leeë mir de Fokus och op alternative Motorsport: et gëtt elektresch. Zu gudder Lescht kucke mir wat den Dylan Pereira mëscht.
    1 hr 8 min
  • Episod 2
    Wat ee Start an d'Formel 1 Saison 2021?! Dat versprécht dass et eng ganz spannend ka ginn. Mee mir schwätzen net just iwwert d'Kinneksklass vum Motorsport. Dës Kéier och Thema: Moto GP, DTM an nach vill méi!
    49 min

About Pitstop - de Podcast iwwert d'Formel 1 an méi

From the publisher's feed

Real Talk vu Fans fir Fans. Eemol de Mount kucke mir wat an der Welt vum Motorsport lass ass. Eise Fokus leit heibäi virun allem op der Formel 1. Followt eis och op Instagram: pitstop_podcast.lu