
Sign up to save your podcasts
Or


"Verréckt" – dat ass dat Wuert, dat ëmmer erëm fält, wann ee sech mat der Vita vum Georges Schiltz beschäftegt. An dat net wéinst engem exzentresche Charakter, mee well säi Werdegang alles anescht wéi klassesch ass. Well weder huet de Georges en Hannergrond als Wënzer, nach huet e Wuerzelen un der Musel - de fréiere Geografiestudent aus dem Sauerdall mat engem Faibel fir d'Schnapsbrennen ass en ganz anere Wee gaangen.
Wat als Hobby nieft dem Studium ugefaangen huet, gouf séier zu enger Passioun: vun der Brennereikonscht, iwwer d‘Jus-Produktioun bis hin zum Drauwenubau. Doraus entstanen ass „FRU“ – e frechen, regionalen, onbekëmmerte Wënzerbetrib. Sou geet de Georges geet säi Wee – ongewéinlech, mat Iddien an engem décke Portioun Humor.
D’Claire an de Pit diskutéieren an dëser Episod mat engem Wënzer, deen de Wäibau nei denkt a weist, dass Traditioun a Modernitéit sech net ausschléissen. A wéi ëmmer bei Prost: e Gespréich mat Häerz, engem Touch Selbstironie a wonnerbare Wäiner.
Den Antoine Clasen ass ëmmer ënnerwee - a gudder Missioun Et kéint ee mengen dass den Antoine Clasen vu Bernard-Massard keng Zäit huet d'Liewen a säi Wäin ze genéissen, mä dat ass awer definitiv net de Fall. Och wann hie vill ze dinn huet, léisst e sech Zäit fir eng gutt Fläsch Wäin ze genéissen, well wann et him no geet soll dat ëmmer besonnesch sinn an net alldeeglech. Eng gutt Astellung - genau sou wéi seng Oppenheet ze léieren a mat anere Wënzer zesummen ze schaffen. Säin Erfolleg gëtt em Recht…
From the publisher's feed