PROST

PROST

By MoskitoSociety & Culture
Download on the App Store

PROST episodes

  • 12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin
    Gläich ass de Riesling Open - och zu Ohn
    De Riesling ass eng vun den edelsten Drëpsen déi op der Lëtzebuerger Musel gelies ginn. A wéi sech dat fir Lëtzebuerg gehéiert, gëtt et och dofir dat passend Fest: De Riesling Open (dëst Joer um Weekend vum 13. - 15. September.
    Doriwwer freet sech och rëm de Luc Duhr, deen zesumme mat sengem Cousin Frank, de Familljebetrib Clos Mon Vieux Moulin an der 11. Generatioun zu Ohn féiert.
    Vu Familljegeschichten, dem legendäre Palmberg nieft der Schmaachstuff, an och weem seng Millen am Numm vum Betrib iwwerhaapt gemengt ass, schwätze mir an dëser fonkelfrëscher Episod vum PROST Podcast.
    44 min
  • 11) E Clown am Wéngert mam Laurence Duhr // Château Pauqué
    De PROST Podcast ass zréck - a frot net wéi!! Mir goufe vum Laurence Duhr op Gréiwemaacher an d’Schmaachstuff vu Château Pauqué invitéiert.
    Déi eng nenne se “d’Enfants terribles” aus der Szene, déi aner soen ouni Problem dass et mat déi beschte Wäiner sinn déi ee laanscht d’Musel fënnt. D’Claire an de Ben wollte méi rausfannen iwwert d’Wäiner an d’Wënzer hannendrun, wéi de Familljebetrib et fäerdegbréngt Joer fir Joer excellent Wäiner ze produzéieren, wéi schwéier et ass géint de Stroum ze schwammen, a wéi seng Ausbildung zum Clown dem Laurence am Alldag weiderhëlleft.
    47 min
  • 10) Fir Iessen an Drénken ass gesuergt mam Metty Krack // Koeppchen
    Wat passt bei wat?
    An dëser klenger Jubiläumsepisod (Nummer 10!!) schwätze mir mam Metty Krack op der Wormer Koeppchen, der gastronomescher Institutioun op der Musel, iwwert de beschten Accord mets et vins, awer och wéi eng Erausfuerderung et ass quasi all Wënzer op der Kaart vertrueden ze hunn. Ausserdeem wollte mir wësse wéi eng déi déierst Fläsch Wäin war déi de Metty fale gelooss huet...
    46 min
  • 9) Op eng Coupe Cremant mam Änder Mehlen // Domaine Vinsmoselle
    Vum Paul Faber bis zum Poll Philipp
    Dës Episod gëtt sprëtzeg! D'Claire an de Ben hu sech bei Domaines Vinsmoselle zu Remerschen aquartéiert an den Änder Mehlen wousst net wéi eng Fläsch Cremant vum Domaine hie sollt aussichen, dofir goufen et der direkt 3 ze schmaachen.
    An dëser Editioun schwätze mir virun allem iwwert de sëffege Schaumwäin, deen awer net ëmmer de beschte Ruff huet. Mir konnten eis vum Géigendeel iwwerzeegen!
    48 min
  • 3) Op e Patt Rosé mam Nathalie Funck // Jongwënzer Vinsmoselle
    De Rosé zu Lëtzebuerg, d'Jongwënzer an den Nowuess generell
    Wéi steet et eigentlech mat der Relève bei de Lëtzebuerger Wäibetriber? Komme genuch Leit no a wéi schwéier ass et Wënzer ze ginn? Ausserdeem gëtt déi ganz Episod vum Lëtzebuerger Rosé gedroen: ass et e Produit dee mam Ausland ka mathalen?
    36 min

About PROST

From the publisher's feed

De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.