De rietsextremen Attentäter vun Halle huet sech a sengem Manifest op Videospiller bezunn. Ass dat elo den endgültege Beweis dofir, datt déi sougenannt „Killerspiele“ een schlechten Afloss sinn? D‘Saach ass net esou einfach, an doriwwer schwätzen mir dës Woch an eisem Podcast. Vill méi wichteg wéi d‘Spiller selwer sinn nämlech d‘Zeen do rondrëm an de Fait, datt vill jonk Männer sech mam Label „Gamer“ ganz staark identifizéieren. Zesummen mat engem graffen Ëmgangstoun an zyneschen Witzer, déi sech dacks ironesch op rassistesch oder sexistesch Aussoen bezéien, ass et domadder relativ einfach, an dësem Ëmfeld radikaliséiert ze ginn.