Vun e Samschdenowend un ännert sech d’Stréimungsbild: Et gëtt erëm méi variabel. Déi iewescht Schichte vun de Biedem sinn immens dréchen , mee endlech ass erëm Reen op de Wiederkaarten.
Den Abrëll ass mat vill Sonn a mëllen Temperaturen ugaangen. No engem agreabele Start steet fir déi zweet Hallschent vum Weekend en temporäre Changement un. Reen erwaart eis awer ëmmer nach keen.
Déi ugekënnegt Nidderschléi fr de Weekend hu sech a Grenze gehalen. Eng Kal- an eng Waarmfront sinn iwwer eis ewechgezunn. Hir Nidderschléi hu sech awer kuerz virum Land opgeléist.
De Weekend iwwer gëtt et zäitweis e bëssen naass, mee d’Reequantitéiten hale sech a Grenzen. Interessant gëtt et, well eng partiell Sonnendäischtert usteet.
Iwwerdeems mir et ëmmer nach mat mëllen Temperaturen ze dinn hunn, reent et net genuch. D’Schaueren aus de leschten Deeg hunn net vill zur Reequantitéit bäigedroen.
Den Dag vun haut (21.3.) gëtt dee bis ewell wäermste vun dësem Joer. Déi ugekënnegt mëll Stréimung aus dem déiwe Süde suergt fir iwwerduerchschnëttlech Temperaturen.
No nach e puer killen Nuechten a Moienter geet et elo erëm biergop. D’Konstellatioun vun der Grousswiederlag erméiglecht eis geschwënn erëm mëll Fréijoerstemperaturen.