Lëtzebuerg huet déi bis ewell wäermsten Deeg vum Joer hanner sech. E Mëttwoch goung eng markant Hëtztwell zu Lëtzebuerg op en Enn. Mee et geet och weiderhin interessant virun.
Déi ugekënnegt Hëtztwell beweegt sech elo hirem Héichpunkt entgéint. An den Nopeschlänner ass et fir nei Temperaturrekorder fir de Mount Juni duergaangen. Och bei eis gëtt et elo nach méi waarm.
De Weekend erwaart eis op en Neits Hëtzt aus Afrika. Zu Lëtzebuerg geet et waarm virun, et ginn iwwer 30°C erreecht. Och mëttelfristeg soll et summerlech bleiwen.
Virun enger Woch huet et sech nach wéi Hierscht ugefillt, dovun ass elo näischt méi ze spieren. Déi ugekënnegt héichsummerlech Loftmassen hu Lëtzebuerg an Tëschenzäit erreecht. De Weekend iwwer kënnt awer Fiichtegkeet dobäi, wouduerch och en Donnerwiederrisiko besteet.
De Weekend iwwer wäert sech eist Wieder guer net wéi Juni ufillen. Mir leie weiderhin ënner Déifdrockafloss, deen eis fir e Sonndeg esouguer richteg kill Loftmasse matbréngt.
Wéi et schéngt, bleiwen d’Déifdrockgebitter an der éischter Juni-Hallschent mol nach dominant. Anescht wéi de Weekend gëtt d’Loftmass elo zwar manner schmeier, variabel bleift et awer trotzdeem zu Lëtzebuerg.
D’Temperature klammen, domat awer och de Risiko vun Donnerwiederen. Et gi waarm Loftmassen an eis Géigende bruecht, déi gläichzäiteg mat fiichter Loft vum Atlantik vermëscht ginn.
6 min
About Reen a Bou
From the publisher's feed
D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.