De Weekend leie mir ënner dem Afloss vun iwwerduerchschnëttlech waarme Loftmassen. Mir krazen un den 30°C, warscheinlech fir d’lescht an dësem Joer. Schonn e Sonndeg gëtt et méi wéi 10 Grad méi kal.
D’Westwiederlag geet virun, allerdéngs steet e bestëmmt Reegebitt am Fokus. E klengt Déifdrockgebitt bréngt eis an der Nuecht op en Dënschden eng spannend Situatioun. An den Deeg drop bleift et net ganz dréchen, mee de Reen hëlt däitlech of.
Déiwe Loftdrock heescht net ëmmer schlecht Wieder an niddereg Temperaturen. Nodeems sech d'Temperaturen d’Woch iwwer meeschtens a Grenze gehalen hunn, erwaart eis e Sonndeg e kuerze spéitsummerleche Peak.
An der neier Wiederwoch leie mir haaptsächlech um Rand vun Déifdrockgebitter zu Lëtzebuerg. Net onbedéngt a Saache Reen, mee se hunn e gréisseren Effekt op eis Temperaturen.
Och de Weekend an doriwwer eraus hu mir et mat markantem Déifdrockafloss ze dinn. Nom Ex-Hurrikan Erin kréie mir et mat engem weidere fréieren Tropestuerm ze dinn, nämlech dem Fernand. Duerch dësen ass et de Weekend iwwer onbestänneg zu Lëtzebuerg.
Déiwe Loftdrock bestëmmt dës Woch iwwer eist Wieder. D’Iwwerreschter vum Hurrikan Erin markéieren den Ufank vun enger Weststréimung, duerch déi och mol méi turbulent Zenarie méiglech sinn.
No temporärem Héichdrockafloss de Weekend kënnt en Ex-Hurrikan an d’Spill. Et ass net aussergewéinlech, datt Iwwerreschter vun engem Hurrikan an eise Géigenden opdauchen. D’nächst Woch wäert dat erëm de Fall sinn.
No ville Summer- an och Hëtztdeeg hannereneen ännert sech eppes. Mir stoungen elo laang ënner dem Afloss vu markantem Héichdrockafloss. Deemnächst schéngt et awer erëm méi a Richtung Westwiederlag ze goen.
6 min
About Reen a Bou
From the publisher's feed
D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.