Reen a Bou

Reen a Bou

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Reen a Bou episodes

  • Nach ëmmer keen nohaltege Wanter
    Duerch déi momentan Konstellatioun vun den Drockgebitter ännert sech net vill. Mat Héichdrockgebitter iwwer dem Kontinent selwer an déiwem Loftdrock um Atlantik ass meeschtens eng mëll Stréimung um Wierk a manner eng wanterlech.
    6 min
  • Mëttelfristeg net wierklech wanterlech
    De momentane fréiwanterlechen Intermezzo kënnt lues op en Enn. Deen éischte Schnéi ass duerch, genee wéi och déi éischt Situatioun mat gefruerenem Ree fir dës Saison. De Fréiwanter kritt et deemnächst erëm méi schwéier gemaach.
    6 min
  • De Fréiwanter kënnt
    D’Grousswiederlag kippt, et gi kal a fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert. D’Temperature falen am Verglach zum Weekend nawell séier, déi éischt Flacke vun der Saison sinn an noer Reechwäit.
    7 min
  • Markanten Temperaturréckgang
    Nach erreechen eis waarm Loftmassen, mee dat ass geschwënn eriwwer. E kräftegt Déif, westlech vun der ibeerescher Hallefinsel a Frankräich schëppt waarm Loftmassen op Lëtzebuerg, mee d’Grousswiederlag wäert de Weekend ufänken ze kippen.
    7 min
  • Eng spannend Woch
    D’Wiedermodeller deite weiderhin d’Warscheinlechkeet vun engem Changement un. Bis e Freideg wäert et kontinuéierlech méi mëll ginn dobaussen. No dësen iwwerduerchschnëttleche Loftmassen ass e Changement a Richtung Fréiwanter net onméiglech.
    6 min
  • E fréie Wanterabroch?
    Eventuell kënnt an enger gudder Woch lues a lues erëm Beweegung an d’Spill.
    Dat rouegt Héichdrockwieder hat eis och dës Woch erëm fest am Grëff, mee dem momentane Stand no schéngt sech mëttelfristeg awer eppes ze doen.
    5 min
  • Iwwerduerchschnëttlech Temperaturen
    Mir leien an den nächsten Deeg méi oder manner genee tëschent Héich- an Déifdrockafloss. Vu richteger Keelt ass weiderhi keng Spuer: Déifdrockgebidder um Atlantik schëppen eis dës Woch esouguer iwwerduerchschnëttlech Loftmassen op Lëtzebuerg.
    6 min
  • Nach keng Keelt a Siicht
    Nach ginn et keng Unzeeche fir fréiwanterlecht Wieder. Zäitweis beaflossen eis ëmmer nach Frontesystemer vum Atlantik, déi awer Hand an Hand gi mat liichtem Héichdrockafloss.
    7 min
  • Et gëtt tendenziell méi mëll
    De Weekend iwwer louche mir weiderhin ënnert dem Afloss vum selwechten Déifdrockkomplex, deen eis d’lescht Woch dat stiermescht Wieder bruecht hat. Et soll deemnächst op d’mannst méi waarm ginn.
    8 min

About Reen a Bou

From the publisher's feed

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.