Reen a Bou

Reen a Bou

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Reen a Bou episodes

  • En Hauch vu Fréijoersloft
    De Weekend musse mir nach eng Kéier op d’Zänn bäissen, duerno gëtt et besser. Fir d’nächst Woch steet fir vill Leit eng wëllkomm Ännerung um Programm, et gëtt nämlech däitlech méi mëll.
    7 min
  • Markanten Temperaturréckgang
    Temporär ginn erëm polar Loftmassen zougespillt. Dee fir eis relevanten Déifdrockkomplex verzitt sech de Weekend a Richtung Osten, en Tëschenhéich setzt sech duerch. Allerdéngs gëtt et doduerch och däitlech méi kal.
    7 min
  • Wiederextreemer am Südweste vun Europa
    Zu Lëtzebuerg ass et roueg, nëmmen heiansdo zitt eng schwaach Front mat e bësse Reen oder och mol e puer Flacken duerch. A Frankräich mee awer och op der iberescher Hallefinsel weist sech d’Wieder vu senger zolitter Säit.
    6 min
  • Atlantesch Stréimunge kréien d’Soen
    Den Héichdrockafloss huet am Laf vun de leschten Deeg däitlech ofgeholl, den Atlantik spillt elo ëmmer méi eng Roll fir eist Wieder heiheem. Nohaltegt Wanterwieder kritt et doduerch schwéier gemaach.
    7 min
  • Keelt hält sech nach zréck

    Doduerch, dass mir op der fiichter Säit vun Déifdrockgebitter leien, geréit d’Keelt aus Russland nach net an eis Géigenden. D’nächst Woch kéint dat awer änneren.

    7 min
  • Enn Januar gëtt et nees spannend
    Momentan ginn eis ëmmer nach mëll Loftmassen aus dem Süde vum Kontinent zougespillt. Dës Stréimung probéiert sech esou gutt et geet weider ze behaapten, mee kritt et awer geschwë schwéier.
    6 min
  • De Freideg turbulent, de Weekend méi roueg
    Haut leie mir ënner dem Afloss vum Stuerm Elli respektiv Goretti.
    Op der viischter Säit vun engem Stuermdéif goufen eis an der Nuecht immens mëll Loftmasse bruecht. Am Laf vum Dag gëtt et erëm däitlech méi kal. D’Entwécklunge vu Reen, Wand an och Schnéi stinn am Fokus.
    6 min

About Reen a Bou

From the publisher's feed

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.