Reen a Bou

Reen a Bou

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Reen a Bou episodes

  • Wanterlech an turbulent
    E liichten Héichdrockafloss a polar Loftmasse suerge momentan fir Temperaturen, wéi mir se scho bal net méi an engem Wanter gewinnt sinn. Am Laf vun der Woch ginn awer och méi mëll Loftmassen eng Optioun.
    6 min
  • De Wanter huet eis fest am Grëff
    Eng kill mee och fiicht nordwestlech Stréimung suergt vun elo un dofir, datt sech d’Wieder ëmmer méi der Joreszäit upasst. Den Temperaturtrend weist däitlech no ënnen.
    6 min
  • Markanten Temperaturréckgang
    Eng High-over-Low-Wiederlag bréngt eis e Keelt-Virstouss aus Russland. Nodeems et erëm liicht méi mëll gëtt, kéint et fir Silvester a méi markanter Form zu polare Loftmasse kommen.
    6 min
  • Et gëtt Hoffnung fir d’Wanterfrënn
    Et ass esouwäit: D’Wiedermodeller deiten un, datt sech d’Grousswiederlag aus déiwem Loftdrock um Atlantik an héijem Loftdrock heiheem geschwë soll ëmstellen - an dat pénktlech tëschent Chrëschtdag a Silvester.
    7 min
  • Wanterlechen Ëmschwong um Horizont?
    Bis e Mëttwoch erwaart eis e besonnesch markante Virstouss vu waarme Loftmassen. Ënner de momentane Konditioune si wanterlech Entwécklungen immens onrealistesch. Wanterfrënn mussen hoffen, datt sech Mëtt Dezember e Changement etabléiert.
    7 min
  • Meteorologesche Wanterufank
    Meteorologesch gesi geet haut de Wanter un. Mee wat heescht dat elo fir eis? De Moien ass et zwar plazeweis gefruer gewiescht, mee dat heescht net, datt sech de Wanter nohalteg bei eis weist.
    5 min

About Reen a Bou

From the publisher's feed

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.