Reen a Bou

Reen a Bou

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Reen a Bou episodes

  • Turbulent Kalfront e Mëttwoch
    Mëtt der Woch fléisse kal an och fiicht Loftmasse vunder Nordséi hier op Lëtzebuerg, et erwaart eis richtegt Abrëllswieder mat Flacke mee och vläit mol engem lokale Graupeldonnerwieder.
    5 min
  • Weidere Wanterintermezzo méiglech
    Héije Loftdrock huet eis erëm am Grëff, zumools zanter e Mëttwoch a gréisstendeels ongestéierter Form. Et sinn awer schonn erëm e puer Stéierungen um Horizont, déi duerchaus spéitwanterleche Charakter kënnen unhuelen.
    6 min
  • Héichdrock mellt sech zréck
    Frascht a lokal och Schnéi hunn eis de Weekend nach eng Kéier gewisen, a wat fir enger Joreszäit mir eis eigentlech befannen. Virun enger Woch hate mir nach knapp iwwer 20 Grad.
    5 min
  • Déiwe Loftdrock bleift net
    Iwwer de Weekend gëtt et nach e Stéck méi variabel. An dëser Woch si schonn e puer Kalfronten iwwer eis ewechgezunn, haut um Freideg steet eng weider, méi markant un. De Méindeg soll awer schonn de leschten Dag vun dëser variabeler Phas markéieren.
    9 min
  • Den Atlantik mellt sech zeréck
    Et deet sech erëm eppes an eiser Wiederkichen. Zanter Enn Februar deit sech schonn e méigleche Changement fir dës nei Wiederwoch un - an dëse schéngt sech och ze confirméieren.
    7 min
  • Stéierunge gi méi warscheinlech
    Kal gëtt et deemnächst weiderhin net, mee et kann zu Stéierunge kommen. De Reen ass schonn erëm eng Zäit laang rar, mee de momentane Berechnunge no kéint sech dat d’nächst Woch änneren.
    6 min
  • Verlängerung vum gudde Wieder
    Den ugekënnegten Intermezzo war wierklech just temporär. Den héije Loftdrock reservéiert sech weiderhin den europäesche Kontinent bal ganz fir sech eleng. Et bleift fréijoersméisseg mëll an och de Reen hält sech ëmmer nach zeréck.
    6 min
  • Weiderhi kee Wanterwieder a Siicht
    De frëndleche Changement suergt am ganze Land fir gutt Laun.
    Wann een d’Wieder aus de leschten Deeg esou kuckt, géif een net soen, datt et virun eppes méi wéi enger Woch nach geschneit huet. Lëtzebuerg genéisst déi éischt fréijoersméisseg Temperature vum Joer.
    6 min
  • Fréijoersloft confirméiert
    Den ongemittlech naassen a lëftege Weekend ass duerch, elo gëtt et besser. D’Grousswiederlag wäert sech an der neier Woch esou ëmstellen, datt eis e richteg markante Virstouss vun däitlech méi waarme Loftmassen usteet.
    8 min

About Reen a Bou

From the publisher's feed

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.