Reen a Bou

Reen a Bou

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Reen a Bou episodes

  • Hëtztwell verlängert sech
    Eis momentan Hëtztwell setzt sech fort, mee fir wéi laang?
    Nodeems de Juni jo net esou waarm ugaange war, gëtt all dat elo nogeholl ... an et ass schonn erëm ze vill däers Gudden. Wäit iwwerduerchschnëttlech Temperaturen hunn eis am Grëff.
    9 min
  • Héichsummerwieder klappt un
    An den nächsten Deeg ginn d’Temperature séier an d’Luucht.
    D’Konstellatioun vun den Drockgebitter passt geschwënn, fir datt däitlech méi waarm Loftmassen aus dem déiwe Süde vum Kontinent hire Wee op Lëtzebuerg fannen.
    6 min
  • Eng waarm Ëmstellung
    Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Schonn elo de Weekend hätt et verschiddene Berechnunge no scho misse waarm ginn, mee dat gouf elo e Stéck no hanne verréckelt.
    9 min
  • Méi waarm Zäiten um Horizont?
    Nach hale sech d’Temperaturen zeréck, mee dat soll net esou bleiwen. Zanter dem Ufank vum meteorologesche Summer sinn eis Temperaturen an den net summerleche Beräich erofgerëtscht. Dëst Muster soll awer geschwënn erëm wiesselen.
    6 min
  • Eng spannend Mëttelfrist
    No e puer interessanten Deeg blécke mir gespaant an d’Zukunft. Deels kräfteg Donnerwiederen hunn net wäit ewech vu Lëtzebuerg fir Schued gesuergt. No dëse gëtt elo den Temperaturtrend nees méi interessant.
    7 min
  • Eng variabel Woch steet un
    Déi rezent Hëtztwell bei eis ass de Weekend op en Enn gaangen. D’Astréime vun de waarme Loftmassen aus de leschten Deeg gëtt ënnerbrach. Fir en Dënschdeg ass esouguer schonn déi nächst Kalfront mat dobäi.
    5 min
  • Éischt Hëtztwell geet op en Enn
    No dëser Woch ass fir jiddereen, deen d’Hëtztnet esou verdréit, duerchootmen ugesot. Et gëtt erëm méi agreabel dobaussen, mee d’Hëtzt ass ni wierklech wäit fort.
    18 min
  • Et geet a Richtung 30 Grad
    Zu Lëtzebuerg stellt sech elo erëm eng méi dréche Phas an. Dës dréckt net nëmmen d’Temperaturen am Dag an d’Luucht, mee och an de Nuechten.
    5 min
  • Verhalenstippe fir d’Donnerwieder-Saison
    De meteorologesche Summer geet a knapp zwou Wochen un - domat klëmmt de Risk vun Onwiederen.
    Den europäesche Kontinent, an domat och Lëtzebuerg, ass all Joer vu villen Zorte vu Wiedergefore betraff. Sief et Donnerwiederen, Staarkreen oder esouguer Tornadoen. Mee wéi kann ee sech schützen?
    7 min
  • Elo gëtt et eréischt richteg spannend
    Bis ewell hate mir eis haaptsächlech am Oklahoma an och Texas opgehalen, wou mir haaptsächlech vu grousse Knëppelsteng a Stuerm betraff waren. Elo changéiert sech dat allgemengt Wiedermuster.
    0 min

About Reen a Bou

From the publisher's feed

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.