Reen a Bou

Reen a Bou

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Reen a Bou episodes

  • Eng nei Hëtztwell steet un
    Et war nëmmen eng Fro vun der Zäit: Déi véiert Hëtztwell vum Joer kënnegt sech un. An den nächsten Deeg, a bis an déi nächst Woch eran, wäert sech en interessante Verlaf vun eisem Wieder weisen. Et gëtt kuerz héichsummerlech, éier eng Kalfront dës Phas ënnerbrécht – mee dat ass net fir laang.
    0 min
  • Ëmmer nach op der Sich no Reen
    An Tëschenzäit huet sech eis Grousswiederlag däitlech ëmgestallt: Et gi manner waarm Loftmassen ugezaapt, deels kënnt et och lokaliséiert zu e bësse Reen – dat geet der Natur awer nach laang net duer.
    0 min
  • E Loftmassewiessel steet un
    Déi drëtt Hëtztwell vum Joer geet mam Dag vun haut op en Enn.
    Jiddereen, deen d’Hëtzt net esou richteg aus sengem Haus oder senger Wunneng erauskritt, wäert sech iwwer déi nächst Deeg freeën. Et ass erëm Duerchootmen a virun allem Duerchlëften ugesot!
    7 min
  • Et kënnt Beweegung an d’Spill
    Lëtzebuerg braucht dréngend Reen, d’Dréchent ass an Tëschenzäit kaum nach ze iwwersinn. D’Natur ass doduerch och staark ufälleg fir Flächen- a Vegetatiounsbränn. Elo schéngt e bëssen Hoffnung opzekommen.
    6 min
  • Hëtztwell verschäerft sech erëm
    Dat nächst Héichdrockgebitt bleift iwwer eise Géigenden hänken a suergt fir déi bis ewell drëtt Hëtztwell vum Joer. Virun allem markant ass an Tëschenzäit de Reendefizit zu Lëtzebuerg. Gëtt et e bëssen Hoffnung?
    8 min
  • Eng nei Hëtztwell geet un
    Dëse Summer weist sech weiderhi vu senger méi intensiver Säit: Am déiwe Südweste vun Europa ass eng nei Hëtztwell amgaangen, déi hir Füler an den nächsten Deeg och op Lëtzebuerg wäert ausstrecken.
    6 min
  • Reendefizit verschäerft sech weider
    D’Summerwieder ass ëmmer nach bei eis, mee d’Nuechte kënne richteg kill ausfalen.
    Zwar funken an nächster Zäit och mol deelweis e puer Déifdrockstéierungen dotëschent, an awer bleift nennenswäerte Reen éischter rar. De Potenzial vun enger weiderer Hëtztwell bleift bestoen.
    8 min
  • Wat kënnt no der historescher Hëtztwell?
    Den “Heat Dome” iwwer eis léist sech op, resp. zitt a Richtung Osteuropa virun. Elo gerode mir ënner en anert Stréimungsbild, duerch dat och den Atlantik erëm e Wuert däerf matschwätzen. D’Fro ass just, fir wéi laang.
    0 min
  • Schluss vun der historescher Hëtztwell?
    Zanter e Mëttwoch kënnt et zu enger historescher Hëtztwell zu Lëtzebuerg. Reng op de Juni bezunn ass et déi längst an och déi wäermst zanter Opzeechnungsufank, dat gouf en Donneschde confirméiert.
    7 min

About Reen a Bou

From the publisher's feed

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.