Reen a Bou

Reen a Bou

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Reen a Bou episodes

  • Eng Rees an d’Tornado Alley
    De Philippe Ernzer geet op d’Sich no de stäerkste Stierm vun der Welt. No 15 Joer Météo Boulaide geet fir hien e Kandheetsdram an Erfëllung.
    0 min
  • Ee variabele Mee steet un
    Nom vill ze dréchenen Abrëll kënnt en onbestännege Mee. Den Abrëll war vun engem markante Reendefizit gezeechent. Elo huet d’Wiederlag awer endlech ëmgeschloen, dee bestännegen Héichdrockafloss ass fort.
    7 min
  • Ëmmer nach Waarden op Reen
    E weidere mëllen a sonnege Weekend hu mir hanner eis. Nodeems d’Sonn an de leschten Deeg dominéiert huet, kënnt elo just eng kleng a kuerz Stéierung an d’Spill.
    0 min
  • D’Natur waart op de Reen
    Eng immens dréche Loft mécht sech iwwer Lëtzebuerg breet. Ëmmer nach dominéiert Héichdrockafloss, dee lues awer sécher fir en nennenswäerte Reendefizit suergt. D’Landschaft gëtt ëmmer méi dréchen.
    0 min
  • Gréisstendeels roueg Aussiichten
    No enger plazeweis méi kräfteger Kalfront erwaarden eis erëm méi frëndlech Deeg. En Héichdrockgebitt, dat mat sengem Kär iwwer dem Nordweste vun eisem Kontinent läit, wäert eis dës Woch iwwer beschäftegen.
    0 min
  • Kampf tëschent de méi killen a méi waarme Loftmassen
    Eng Kalfront wäert kuerz dofir suergen, datt et net méi grad esou mëll gëtt. Op eise Wiederkaarten deet sech weiderhi vill, mee iergendwéi awer och bal näischt. Wat elo komesch kléngt, ass a Wierklechkeet e reegelrechte Kampf tëschent de méi killen a méi waarme Loftmassen.
    7 min
  • Chancen op méi héich Temperaturen
    Nodeems et de Weekend manner mëll war, wäert sech dat elo viraussiichtlech erëm änneren.
    Iwwer déi nächst Deeg probéiert sech den Héichdrockafloss esou gutt et geet iwwer eis ze halen, iwwerdeems um Atlantik Déifdrockgebitter leien. Kee Wonner, datt d’Modeller erëm waarm Loftmassen undeiten.
    6 min
  • Vu fréisummerlech op variabel
    Déi lescht Deeg waren zu Lëtzebuerg fréisummerlech Temperaturen. Net nëmmen heiheem war et mëll: Zemools an Deeler vu Südfrankräich goufen 30 Grad erreecht a liicht iwwertraff. E Changement ass awer schonn amgaangen.
    7 min
  • E markante Waarmloft-Virstouss
    D’Fréijoer probéiert sech definitiv géint de Spéitwanter duerchzesetzen. Eng Phas mat iwwerduerchschnëttlechen Temperature steet un, erbäigeféiert duerch eng immens mëll südwestlech Stréimung.
    7 min

About Reen a Bou

From the publisher's feed

D'Wieder an de Klima sinn interessant a bestëmmen eist Liewen. D'Wieder a Klimaphenomeener ginn analyséiert.