Viru 25 Joer gouf bei der Futtball Weltmeeschterschaft a Frankräich de franséische Polizist Daniel Nivel vun däitschen Hooligans esou uerg zerschloen, datt hien 6 Wochen am Koma louch. Zanter hier ass hien eng Säit geläämt, a leid ënnert engem Schädeltrauma mat villen neurologeschen Defiziter. Schwätze kann hien net méi.
D’Futtballwelt stoung nom 21. Juni 1998 ënner Schock.
Mee vill draus geléiert hu mir net, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.