Orthographie ass net méi gefrot, schéngt et. Korrekt schreiwen ass haut net méi esou wichteg, wéi dat fréier mol war. Mir schreiwen dat meescht op eisem Computer. An do huet ee jo e Korrekturprogramm. Noriichten, déi per Handy verschéckt ginn, bestinn dacks aus Ofkierzungen. Méi wichteg wéi d’Grammatik ass hei de Sënn. An dach sollt ee korrekt schreiwen, wann et drop ukënnt, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut: