Ni méi Krich, huet et no 1945 geheescht. Esou eppes dierft sech net méi widderhuelen, gouf ëmmer gewarnt. Elo ass en erëm do. A mir gi mat senger ganzer Grausamkeet konfrontéiert.
Nei ass, datt een net méi op d’Televisioun an de Radio ugewisen ass, fir sech ze informéieren. Iwwer déi sozial Netzwierker ass ee praktesch 24 Stonnen op 24 live derbäi.
D’Ukrainer posten Videoen. Vum Balcon erof ginn déi russesch Attacke gefilmt. Zerstéiert Haiser gesäit een. Kanner, déi an de Kelleren op Decke leien, fir sech virun de Bommen ze schützen. Et brécht engem d’Häerz.
Een esou e Video huet dem Guy Seyler et besonnesch ugedoen: