1894 gouf d'Prinzessin Marie Adelheid als eelsten Duechter vum spéidere Grand-Duc Guillaume IV gebuer. Nom fréien Doud vun hirem Papp koum si schonn 1912, mat grad emol 18 Joer op den Troun. Et war mouvementéiert Zäiten, net nëmmen zu Lëtzebuerg. Nom éischte Weltkrich gouf der jonker Monarchin eng ze vill däitschfrëndlech Astellung während der Okkupatioun virgehäit. Am Januar 1919 huet si zu Gonschte vun hirer Schwëster, der spéiderer Groussherzogin Charlotte, op den Troun verzicht. Domat war d'Monarchie virleefeg gerett, awer eréischt mam Referendum vum 28ste September 1919 gouf déi Staatsform, déi mir och haut nach hunn, vun de Wieler confirméiert. "Marie Adelheid von Luxemburg-Nassau" ass den Titel vun enger Biografie déi den Historiker an Direkter vum groussherzoglechen Archiv, Pierre Even, publizéiert huet. D'Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.