RTL - Carte Blanche

RTL - Carte Blanche

By RTL Radio LëtzebuergNews
Download on the App Store

All RTL - Carte Blanche episodes

  • Commentaire: Pit Everling, 22/10/2019 07:45
    Déifferdeng, Wäisswampech, Biissen, Schieren, Dikrech, Manternach, d'Beschäftegungs-Iniative Syrdall... an, an, an....
    Et sinn onroueg lokalpolitesch Zäiten zu Lëtzebuerg.
    Zäiten aus deenen awer kann- a vläicht muss geléiert ginn, mengt de Pit Everling de Moien a sengem Commentaire
    0 min
  • Apropos: Homo sapiens, 19/10/2019 13:15
    Homo sapiens ass Laténgesch a steet fir verstännegen oder gescheite a raisonnabele Mënsch. Do kann een dach staunen an et falen Iech der sécher elo vill an, op déi dës Beschreiwung net passt. Och d'Marie Gales, selwer en Homo sapiens, huet sech doriwwer Gedanke gemaach.
    0 min
  • Commentaire: François Aulner, 17/10/2019 07:45
    Den Zesummenhalt an der Gesellschaft, och hei am Land, gëtt strapazéiert. Den Aarmutsrisiko ass déi lescht Jore geklomm, mee géing sech, sou de Statec, elo stabel entwéckelen. Gläichzäiteg wuessen awer d’Inegalitéiten, mee net just um finanzielle Plang. De François Aulner huet scho verlaangt, datt um Niveau vun de Steieren op immobiliséiertem Eegentum a Spekulatioun eppes geschitt. Haut, plädéiert hien am Commentaire dann awer och fir d’Aféieren vun engem „obligatoreschen universellen Déngscht“.
    0 min