Ronn 80 Awunner vum Garer Quartier hu sech e Freideg den Owend fir eng Protestaktioun zesummegedoen, mat enger klorer Fuerderung: “Madame Polfer, Monsieur Bausch, déplacez drogue et prostitution en dehors de la rue de Strasbourg et du Quartier Gare”. Eng Opfuerderung un d’Politik – wann der den Drogeproblem schonn net an de Grëff kritt, da suergt dofir, datt mir en net hei virun der Dier hunn. D'Protestaktioun an d'Diskussioun ronderëm d'Drogenzeen am Garer Quartier seet vill iwwert d'sozial Kohäsioun zu Lëtzebuerg, fënnt d'Fanny Kinsch a sengem Commentaire.