Krank Beem déi geha goufen; Hecken, déi gekierzt goufen an ee renovéiert Gaardenhaischen... Wat - op den éischte Bléck - einfach Saachen zwar fir een Duercherneen an enger Gemeng kënne provozéieren. De Schëllegen un de Pranger gestallt ass den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini.. Ee Gemengepapp, deen d’Reglementer op sengem Terrain net kennt an dogéint verstouss huet? De Roberto Traversini huet definitiv net alles richteg gemaach, ma a sengem Commentaire vun haut kuckt d’Nadine Gautier, wéi mam Gemengepapp verfuer gëtt.