Nach ee mol schlofen an dann ass et endlech esou wäit – d’grouss Vakanz fänkt och fir d’Primärschoulkanner un, nodeems d’Lycéesschüler schonn en Dënschden entlooss goufen. Fir Leit, déi zu de klasseschen Zäiten op d’Aarbecht wëlle kommen, ass dat eng agreabel Erliichterung – egal op mam Vëlo, mam Bus oder mam Auto, et kennt een einfach besser duerch den Traffik. D’Eltere kéinten déi zwee Méint notzen, fir iwwert hir Gewunnechte beim Transport an d‘Schoul nozedenken, fënnt d’Fanny Kinsch an engem Kommentar.