An der virtueller Welt, wou virun allem Klicks a Likes zielen, äußeren sech vill Leit ze séier. Da gëtt an engem Kommentar op de soziale Netzwierker gäeren mol iwwert eppes gemeckert, ëm dat et am Artikel guer net geet. Ganz einfach, well déi mannste Leit den Text schéngen ze liesen. Dat fënnt d’Monica Camposeo am Kommentar vun haut a rifft dozou op, sech heinsto einfach mol e bëssen Zäit ze huelen.