Just 60 vun am ganzen 90.000 Schüler am Land sinn den Ament infizéiert, a just 27 Klassen si vun enger Quarantän betraff…
Déi Zuelen, souwuel fir d’Grondschoul wéi fir de Secondaire, a Punkto Covid-Infektiounen huet den Educatiounsminister e Freideg op enger Pressekonferenz genannt. Zuelen, déi de Joel Detaille aus eiser Norichte-Redaktioun, ferme unzweiwelt, well hien perséinlech Erfarungen gemaach huet, déi weisen wéi iwwerfuerdert eis Santé an den Educatiounsministère schéngen ze sinn, wann et em méiglech Infektiounen an de Schoulen geet.