Den Didier Eribon gehéiert haut zu de bedeitendste Soziologen a Frankräich. De soziale Milieu, sozial Beweegungen an d'Aarbechterklass stinn am Fokus vu senge Recherchen, Coursen a Seminären. Hie selwer staamt aus der Aarbechterklass an de sozialen Opstig vun Aarbechterkanner ass en eminent Thema a senge Wierker, grad esou wéi d'Roll an awer och d'Versoe vu lénker Politik.
Den Didier Eribon ass Professer op der Fakultéit Philosophie, Sciences humaines et sociales op der Universitéit vun Amiens.
Nom Doud vu sengem Papp geet den Didier Eribon zeréck a seng Gebuertsstad Reims a mécht sech op d'Spure vu senge Virfahren. Hie begéint do dem Aarbechtermilieu an deem hien opgewuess ass an analyséiert déi gesellschaftlech Voleten a sengem autobiographesche Wierk "Retour à Reims". Detailer mam Valerija Berdi.