
Sign up to save your podcasts
Or


Talkwalker: Déi Lëtzebuerger Startup déi d'Welt erobert
D’Startup Talkwalker ass 2009 am Technoport gegrënnt ginn an haut schaffe méi wéi 430 Läit fir Sie an 10 verschidde Büro’e weltwäit ! Loosst Iech vum Grënner Christophe Folschette erkläre wat hien an der Zäit geléiert huet, wéi seng Technologie all Dag iwwert 300 Milliounen Donnéeë mat hiren 3.000 Serveuren analyséiert fir Clients wéi zum Beispill Adidas a wéi hien an e puer Joer op 1.000 Mataarbechter wuesse wëll.
De ' Startup Corner' ass e Podcast op Lëtzebuergesch iwwert Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, presentéiert vum House of Startups, mat der Ënnerstëtzung vun der Chambre de Commerce du Luxembourg an dem SCRIPT.
____________________________
Talkwalker: The Luxembourg Startup who is taking over the world!
The startup Talkwalker was founded in 2009 at Technoport and employs today more than 430 people in 10 different offices worldwide! Let the founder Christophe Folschette explain what he learned over time, how Talkwalker’s technology analyzes over 300 million data everyday with its 3,000 servers, for clients such as Adidas and the ambition to grow to 1,000 employees within the next few years.
The ‘Startup Corner’ is a monthly podcast in Luxembourgish about startups and innovation in Luxembourg, presented by the House of Startups powered by the Luxembourg Chamber of Commerce and supported by the SCRIPT.
“Houston: Luxembourg has a solution.”
Lëtzebuerg ass vläicht e klengt Land op dësem Planéit mee net ze ënnerschätze wann et drëm geet e wichtege Player am Weltall ze sinn!
Loosst Iech vum Marc Serres, CEO vun der Luxembourg Space Agency (LSA), erkläre wisou Lëtzebuerg am Space ënnerwee ass, wéi et dozou komm ass mat der Grënnung vu Société Européenne des Satellites (SES) a wéi mer wat enger European Space Agency (ESA) a National Aeronautics and Space Administration (NASA) zesumme schaffen. Mer hunn de Marc och gefrot op mer eng Kéier e Lëtzebuergeschen Astronaut wäerten hunn.
-------------------------
“Houston: Luxembourg has a solution.”
Luxembourg may be a small country on this planet, but not to be underestimated when it comes to being a major player in space!
Marc Serres, CEO of the Luxembourg Space Agency (LSA), explains to us why Luxembourg is such a key player in space, how it happened following the creation of the European Satellite Company (SES) and how we collaborate with the European Space Agency (ESA) and the National Aeronautics and Space Administration (NASA). We also asked Marc if we would ever have a Luxembourgish astronaut.
Back to the roots mat eiser 5. Episod vum Startup Corner!
Mer hunn de Grënner vun der Startup "Klin", de Pit Zens, ageluede fir dass hien eis erkläre kann wéi hien de Botz Secteur revolutionéiere wëll. Déi meeschte Startups probéieren oft méi digital oder méi ëmweltfrëndlech ze sinn mee bei Klin ginn d’Digitalisatioun an d’Sustainibilty gläichzäiteg ganz grouss geschriwwen. Des weidere gi mer gewuer wéi de Pit iwwerhaapt zum Startup Ekosystem fonnt huet.
Wëllt dir wësse wéi eng Entreprise hei am Land gläichzäiteg mat der Formel 1 a mat Tesla schafft, mee och Mënscheliewe rett? Mat enger Kombinatioun aus Innovatioun an Ingenieursgeescht, huet sech d’Firma HITEC Luxembourg S.A. een Numm gemaach. Mat grousser Begeeschterung, begréisst de Philippe Linster hire Senior Partner a CTO, de Philippe Osch, an dëser Episod vum Startup Corner.
An dëser Episod schwätzt de Philippe Linster, CEO vun der House of Startups, mam Diego di Biasio, CEO vum Technoport, deen eis Ablécker an den Innovatiouns a Startup Beräich vum Technoport gëtt mee och a seng 20jähreg Erfarung am Management vum éischten Tech Incubateur zu Lëtzebuerg.
An dëser Folleg schwätzt de Philippe Linster, CEO vun der House of Startups, mam Larissa Best vun LBAN, wat e puer groussaarteg Abléck an d'Roll vun engem "Business Angel" speziell hei zu Lëtzebuerg gëtt, a wei hat a Startups investéiert.
Lauschtert eran an eisen neie Podcast “Startup Corner“, dee mir am Partenariat mam Script proposéieren.
An der éischter Episod schwätzt de Philippe Linster, CEO vum HoST, mam Tom Michels a Samuel Faber vu Salonkee iwwert hir Startup, hire professionelle Parkour an doriwwer wat en Entrepreneur hirer Meenung no ausmécht.
From the publisher's feed

0 Listeners

0 Listeners

0 Listeners