Um Bols

Um Bols

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Um Bols episodes

  • Dezentraalt Schaffen: “Mir bréngen de Büro bei Iech”
    Ëmmer méi Betriber zu Lëtzebuerg maache Satellittebüroen no bei de Grenzen op, fir de Frontalieren, déi bei hinne schaffen, dee stonnelaange Stau all Dag ze erspueren. Dat hëlleft och de Betriber attraktiv fir d'Frontalieren ze bleiwen. Vill vun hinne froen sech, op et sech haut nach lount, op Lëtzebuerg schaffen ze goen. 
    E Reportage vum Pierre Reyland
    9 min
  • Aarbechtszäitverkierzung Zwee Betriber, zwou Meenungen
    Ass eng gesetzlech Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläich zu Lëtzebuerg wichteg fir d‘Liewensqualitéit vun de Salariéen ze verbesseren? Oder kéint dat der Kompetitivitéit vun de Betriber schueden? Dat ass eng vun de Froen, déi an dëser Campagne fir d‘Chamberwalen den 8. Oktober diskutéiert gëtt. Wat soe concernéiert Betriber a Salariéen?
    D’Marlène Clement huet bei zwee Lëtzebuerger Betriber nogefrot. Virop bei Flibco, wou zanter dem 1. Juli just nach véier amplaz fënnef Deeg geschafft gëtt.
    9 min
  • Ukrainesch Flüchtlingen zu Lëtzebuerg: „Hei si mir sécher“
    Annerhalleft Joer dauert de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain elo schonn. Zanterhier hunn iwwer 24 Millioun Ukrainer an Ukrainerinnen hir Heemecht verlooss. Dëst geet aus engem Rapport vum UN Flüchtlingsrot (UNHCR) ervir. Ronn 6.000 hunn de Wee op Lëtzebuerg fonnt. D’Ana Angel huet zwou ukrainesch Fraen zu Lëtzebuerg getraff.
    9 min

About Um Bols

From the publisher's feed

Lëtzebuerg virun de Chamberwalen. Wat si Suergen, déi d’Leit hei am Land hunn? A wat sinn déi grouss Sujeten, déi beweegen? Déi grouss Repoortage-Serie.