Zanter e puer Woche gëtt zu Reiden fläisseg vum Äerdschëff gebaut. Mat dem Begrëff gi Gebaier bezeechent, déi besonnesch ekologesch gebaut ginn. Ee vun den Haapt-Ingrediente sinn al Pneuen. Dat klengt zwar paradox, mä ass trotzdeem eng interessant Aart a Wéis vu „Upcycling“. Mir erklären, wisou dat esou ass. Ausserdeem kréie mir Andréck vum Chantier, bei dem sech virun allem jonk Fräiwëlleger bedeelegt hunn. An mir diskutéieren iwwert d‘Fro, ob een Äerdschëff eng Méiglechkeet ka sinn, fir gläichzäiteg géint de Klimawandel an d‘Wunnengsnout ze kämpfen.